Iwwerfall an der StadAffer mam Knéi gerannt a Portmonni geklaut

RTL Lëtzebuerg
D'Police krut e Mëttwoch zwee Déifställ an een Iwwerfall an der Stad gemellt.
© Laurent Weber

Wéi d'Police schreift, war géint 18:50 Auer ee Mann an der Avenue de la Gare am Garer Quartier iwwerfall ginn. E Mann wier vun engem Onbekannten e puer Mol ugeschwat ginn, éier dësen d'Affer um Aarm gepaakt an dëst e puer Mol mam Knéi gerannt huet. Den Täter konnt mam Portmonni vum Mann flüchten. D'Police huet Ermëttlunge lancéiert.

Kuerz no 15 Auer war der Police e Mann an engem Buttek an der Avenue de la Porte-Neuve gemellt ginn, dee sech donieft géing behuelen a Mataarbechter géing drangsaléieren. Eng Patrull huet den alkoholiséierte Mann no enger medezinescher Kontroll an den Arrest matgeholl.

En änleche Fall gouf et dee selwechten Owend an engem Liewensmëttelbuttek op der Place de la Gare. Hei hat e Mann Wuere geklaut. Wéi hien dobäi erwëscht gouf, huet hien ugefaange ronderëm ze jäizen. Och dëse Mann war alkoholiséiert, huet sech onkooperativ verhalen an huet d'Polizisten an d'Personal weiderhi provozéiert a beleidegt. Och hie koum no enger medezinescher Kontroll an den Arrest.

Back to Top
CIM LOGO