Opgrond vun de Recommandatioune vun der Regierung an der EU huet de Schäfferot verschidde Mesuren decidéiert, fir Energie ze spueren.

Eng vun de Mesuren ass, datt d'Maacher Schwämm schonn den 9. September hir Diere wäert zoumaachen. U sech sollt dat eréischt den 30. September de Fall sinn.

Duerch dës Mesure erhofft sech d'Stad Gréiwemaacher, eng 17.138 Kubikmeter Gas ze spueren, wat dem duerchschnëttleche Joresverbrauch vu fënnef Stéit entsprécht. Nach méi spuert een duerch déi méi fréi Fermeture vun der oppener Schwämm beim Stroum an natierlech beim Waasser. Hei gëtt de Joresverbrauch vun 10, respektiv 19 duerchschnëttleche Stéit gespuert.
Weider Mesuren, déi decidéiert goufen, fir Energie ze spueren, sinn:

  • Ofschaltung vun der Beliichtung vun ëffentleche Gebaier a Monumenter no 22.00 Auer
  • Ofschaltung vun dekorative Buedemstraler
  • Kontinuéierlech Ëmstellung op energiespuerend LED-Stroosseluuchten
  • Ofsenkung vun der Hellegkeet vun der Nuetsbeliichtung a verschiddene Stroossen ëm 60%
  • Optimiséierung vun den Heizungsanlagen an ëffentleche Gebaier