
E Mëttwoch am Nomëtteg gouf d'Police iwwert e Mann informéiert, géint deen en europäesche Mandat d'arrêt virlouch. Op enger éischter méiglecher Adress, op där hie sech ophale kéint, gouf en net fonnt, méi spéit awer bei senger offizieller Wunnadress zu Käerch. Op Uerder vum Parquet gouf e festgeholl a koum en Donneschdegmoie virun den Untersuchungsriichter.
An der Nuecht op en Donneschdeg dann en Iwwerfall an der Rue Emile Verhaeren um Belair: En Täter hätt hei éischten Informatiounen no e Passant ugeschwat an dësen um Handgelenk gepaakt, fir ëm d'Auer ze klauen. D'Affer konnt sech allerdéngs wieren an d'Auer halen. De Verdächtegen ass a Richtung Kierfecht geflücht, konnt awer vun der Police gestallt ginn. Eng Rei Wäertgéigestänn wéi en Handy, eng Ketten oder Boergeld goufe séchergestallt an op Uerder vum Parquet beschlagnaamt. De Mann gouf verhaft.