De Bedreiwer ass immens ëmstridden. A villen Alters- a Fleegeheemer, déi Orpea exploitéiert, wier et nämlech zu Mësshandlunge vu Bewunner komm.

Den OGBL huet guer kee Versteesdemech dofir, datt de Bedreiwer vun Altersheemer Orpea de provisoreschen Agrement krut.

D'Familljeministesch Corinne Cahen géing soen, si hätt keng Méiglechkeet, fir d'Autorisatioun ze refuséieren. D'Gewerkschaft gëtt an deem Kontext ze bedenken, datt et awer iwwerhaapt keng Qualitéitskrittäre bei der Prozedur fir den Agrement géing ginn. Och déi finanziell Realitéite géingen net consideréiert ginn, de Grupp Orpea hätt op deem Plang grouss Schwieregkeeten.

Den OGBL freet sech och, wat fir Garantien de Familljeministère soll kritt hunn.

De Syndikat refuséiert allzäit d'Präsens vun Orpea zu Lëtzebuerg a rappelléiert, datt de Grupp am Ausland ënner anerem Mësshandlung vun eelere Leit, Detournement vun ëffentleche Gelder an Net-Respekt vu gewerkschaftleche Rechter reprochéiert kritt.

D'lescht Woch hat Orpea de provisoreschen Agrement fir eng Struktur zu Märel kritt.