A Frankräich hätt et an den Altersheemer, déi vun "Orpea" geréiert goufen, eng Partie Mëssstänn ginn.

Den ëmstriddene franséische Bedreiwer vun Altersheemer "Orpea" krut en Agrement, fir eng Struktur zu Märel opzemaachen. Dat sot d'Familljeministesch Corinne Cahen géigeniwwer RTL. D'Ministesch weist sech am RTL-Interview zouversiichtlech, datt "Orpéa" zu Lëtzebuerg uerdentlech schaffe wäert.

Orpea zu Lëtzebuerg/Reportage Fanny Kinsch

A Frankräich hätt et an den Altersheemer, déi vun "Orpea" geréiert goufen, jo eng Partie Mëssstänn ginn. D'Leit hätten net genuch z'iessen an ze mann Soine kritt. Ausserdeem wier ze wéineg Personal an de Strukture gewiescht, fir sech adequat ëm déi eeler Leit ze këmmeren. Dës Mëssstänn hat de Journalist Victor Castanet a sengem Buch "Les Fossoyeurs" opgedeckt.

D'Corinne Cahen mengt awer, dass dat zu Lëtzebuerg net kéint geschéien.

"Mir sinn einfach méi kleng, et weess méi séier... sou Informatioune géinge sech ganz séier zu Lëtzebuerg verbreeden a mir hunn e Kontrollsystem, deen awer mécht, dass ech op d'mannst mengen an hoffen, dass dat net ka geschéien, ech geséich och net, wéi dat kéint geschéien. Mee ech hunn d'Buch wéi gesot gelies, ech fannen dat ganz ganz schlëmm, wann do och nëmmen d'Hallschent vun den Accusatioune géinge stëmmen, da fannen ech dat dramatesch an dat dierfe mer op kee Fall zouloossen, et muss een ëmmer déi aner Leit behandele wéi ee selwer wéilt behandelt ginn, och am Alter, an do ass d'Qualitéit fir ons awer essentiell."

Si hätt d'Garantie vum Grupp zu Lëtzebuerg kritt, datt d'Direktioun hei am Land onofhängeg schaffe kéint an datt d'Personal op enger Plaz bleiwe géif. Ausserdeem hätt "Orpea" der Ministesch an engem Gespréich versprach, dass een eng extern Etüd géif maache loossen, iert dee provisoreschen Agrement ofleeft. Dat géif et erlaben, fir an engem Joer ze kucken, ob "Orpea" en definitiven Agrement kritt oder net. Ma och wann e Bedreiwer en definitiven Agrement géing kréien, géingen esou wuel de Familljeministère wéi och d'Fleegeversécherung op d'mannst eemol d'Joer kontrolléiere goen, sou d'Ministesch weider.

"Dat, wat een ëmmer muss soen, an egal wéi engem Haus weess een ni, wat hannert enger zouener Dier geschitt. Mee mir mussen awer kënnen all d'Garantië kréien, dass d'Leit gutt behandelt ginn, dass d'Bien-traitance dat wichtegst ass, ech hoffen, dass bis dohin eist neit Gesetz och gestëmmt ass, wou mer jo en Ethik-Rot an all Haus virgesinn, wou e Mediateur och kënnt."

Eng 120 Better fir eeler a fleegebedierfteg Leit sinn zu Märel virgesinn. Allgemeng wiere fir déi nächst puer Joer eng 3.000 nei Better duerch verschidde Bedreiwer zu Lëtzebuerg geplangt, sou d'Corinne Cahen.