D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.158 bliwwen ass.

Aktuell si 25 Persounen hospitaliséiert, dovunner läit den Ament ee Patient op der Intensivstatioun. D'Santé mellt dann 129 Neiinfektiounen an 210 Reinfektiounen.

Am Ganze goufe bis ewell 1.292.129 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 285 waren ergänzend Dosen, wärend eng Persoun eng zweet Dosis krut a fir dräi Persoune war et déi alleréischt Impfung.

D'Reproduktiounszuel läit bei 1,13. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.