Béid Dealer goufen am Kader vun enger Aktioun géint d'Drogekriminalitéit am Garer Quartier gepëtzt.

D'Policebeamte sinn an der Nuecht op de 24. Januar beim Rousegäertchen op d'Persounen opmierksam ginn, wéi ee vu béiden Dealer eppes aus dem Mond geholl huet, fir dës dann dem presuméierte Keefer ze ginn.

Béid Männer goufe vun der Police gestallt. Am Kader vun enger ordonéierter Scanner-Ënnersichung goufen e puer Friemkierper am Mo vu den Dealer fonnt.

Déi 2 goufen op Uerder vum Parquet festgeholl.