
Den RTL-Lieser-Forum plënnert an déi sozial Medien: Vun e Samschdeg u ginn do d'Debaten zu den eenzele Sujeten zentraliséiert. Vun deem Ament un ass et dann net méi méiglech, direkt ënnert den Artikelen ze kommentéieren. Dat gëllt fir RTL.lu gradesou wéi fir de franséischsproochege Site vun RTL INFOS an den engleschsproochege vun RTL TODAY.
Op Social Media si weider Commentairë méiglech, d'Kommentar-Funktioun op Facebook, Instagram etc. bleift bis op e puer Ausnamen op.
Mir appelléiere bei dëser Geleeënheet un all eis User a Userinnen, sech och op Social Media un d'Netikett ze halen, also respektvoll mateneen ëmzegoen. Well d'Gesetzer gëlle jo net just an der realer, mee och an der virtueller Welt: Also keen Opruff zum Haass, kee Rassismus, keng Diskriminatioun, keng falsch Verallgemengerungen a, fir datt keng Fakenews verbreet ginn, préift am beschten ëmmer, ob eppes wierklech stëmmt, ob Der d'Source dovu kennt, ob Der eppes kënnt beweisen, éier Der eppes schreift oder deelt.
Sollt Iech op den RTL-Säiten an de soziale Medien nawell eppes Problematesches opfalen, da mellt et wgl. beim Bedreiwer vum Site a schreift eis e Message. Wichteg: Eng einfach Opfuerderung an de Commentairen oder en einfacht Taggen an engem Post geet an der Reegel net duer, fir eis mat Sécherheet ze avertéieren, dofir gëtt einfach ze vill gepost a getaggt. Merci fir Är Mathëllef.
Natierlech bleift RTL weider un Ärer Meenung interesséiert an dat net just an de Socials: Op eisen Internetsitten zum Beispill duerch Ofstëmmungen (Votingen), d'Beäntwere vu konkreete Froen, d'Bewäertunge vun Artikelen oder duerch d'Schreiwe vu Lieserbréiwer (lieserbreif@rtl.lu). Jee no Kontext wäerte mir Iech och weider dozou opruffen, eis Fotoen ze schécken oder eis Temoignagen ze ginn, esou wéi elo rezent bei den uerge Bëschbränn an Europa oder virun e puer Méint bei de Problemer, hei am Land eng Wunneng ze fannen.
Um Radio sinn natierlech weider Emissioune vun Dir hutt d'Wuert (als "Invité vun der Redaktioun Spezial" moies ëm 8 Auer) geplangt, net ze vergiessen d'Carte-blanchë vu Vertrieder vu quasi alle Beräicher vun der Gesellschaft. Op der Tëlee fille mer all puer Méint Äre Bols bei der Sonndesfro an dem Politmonitor, béides zesumme mam Luxemburger Wort an der Ilres, an och do stelle mer reegelméisseg eng Rëtsch Zousazfroen, bei deene mer dovun ausginn, datt Iech d'Äntwerte vun de Leit interesséieren.
An natierlech sinn d'RTL-Ekippe weider ganz bequeem iwwer de Feedback-Formulaire oder d'Mail-Adress feedback@rtl.lu ze erreechen.