Déi éischt Leit haten de Brand tëscht 7 a 7.30 Auer bei der Police gemellt.

Gebrannt huet et an engem eeleren ugebauten Haus. Eng eeler Fra vun ëm déi 80 Joer, déi do gewunnt huet, ass vun de Leit op der Plaz erausgedroe ginn. Si koum schwéier blesséiert an d'Spidol. Éischten Informatiounen no waren och zwee Pompjeeë verwonnt ginn, wéi sech awer kuerz drop erausgestallt huet, war et ee Pompjee an eng weider Persoun. Dat huet den Escher Buergermeeschter Georges Mischo confirméiert.

Weider sot hien, datt ronn eng Dose Leit misste relogéiert ginn, well de Materialschued héich an d'Haus komplett ofgebrannt wier. A priori géife si elo emol an en Hotel kommen. Nieft den Awunner vum betraffene Gebai hunn och d'Leit, déi an den Nopeschhaiser wunnen, missten evakuéiert ginn.

D'Stroossen an der Géigend hu wéinst dem Pompjeesasaz misse gespaart ginn. Op Biller an de soziale Medie waren héich Flamen um éischte Stack an eng staark Dampentwécklung ze gesinn.

Iwwert d'Brandursaach ass zu dësem Ament nach näischt gewosst.

Nieft de Pompjeeë vun Esch waren och hir Kolleege vu Rëmeleng, Keel, Monnerech, dem SarDiff an der Stad am Asaz. Donieft zwou Ambulanzen an de Samu.