Schwéier Äerdbiewen hannerloosse Verwüüstung a fuerderen ëmmer rëm Mënscheliewen. Mir hunn en Expert gefrot, ob dat och zu Lëtzebuerg geschéie kéint.

De Méindeg an de fréie Moiesstonne koum et an der Tierkei an a Regioune vu Syrien zu engem schwéieren Äerdbiewen, wat fir vill Schued a Leed gesuergt huet. Scho méi wéi 8.000 Doudesaffer (Stand 8. Februar) huet dës Naturkatastroph gefuerdert.

D'Äerdbiewe war mat enger Stäerkt vu 7,8 esou staark, dass d'Miessapparater zu Lëtzebuerg et och däitlech erkannt hunn. Dat ass awer näischt Aussergewéinleches, sou den Adrien Oth, Geophysiker beim Europäeschen Zenter fir Geodynamik a Seismologie (ECGS). "D'Moossapparater sinn esou sensibel, dass se souguer Vibratiounen an Neiséiland hei zu Walfer erkennen."

D'Äerdbiewen an der Tierkei huet also och hei zu Lëtzebuerg de Buedem zum wackele bruecht. Dat awer esou geréng, dass een et net gespuert huet. De Buedem vibréiert nämlech souzesoen alldeeglech an dat duerch de Mënsch an d'Natur. D'Experte schwätzen hei och vun engem Rauschen. Exzeptionell Vibratiounen, wéi dann ebe vun esou engem staarke Biewen, hieft sech dann awer däitlech vun dësem normale Rauschen of, erkläert den Adrien Oth.

Keng wierklech Gefor fir Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg ginn heiansdo kleng Äerdbeweegunge gemooss. Dës sinn awer immens seelen an net staark genuch fir wierklech vum Mënsch spierbar ze sinn. Déi leschte Kéier, dass et zu Lëtzebuerg wierklech staark gewackelt huet, war 1992. Hei gouf et en Äerdbiewen zu Roermond an Holland. Duerch déi geréng Distanz an d'Stäerkt vu 5,9 op der Richter-Skala, konnt een d'Äerdbiewen och hei zu Lëtzebuerg spieren.

"Zu Lëtzebuerg sëlwer ass de Risk vun engem Äerdbiewe statistesch gesinn onwarscheinlech", sou de Geophysiker Adrien Oth. Dat läit drun, dass Lëtzebuerg net um Bord vun tektonesche Placke läit. Tektonesch Äerdbiewen entstinn nämlech doduerch, dass tëscht den Äerdplacken Drock entsteet, well dës unenee reiwen. Gëtt den Drock ze héich, entlueden d'Spannungen sech duerch e Rock an de Buedem wackelt.

RTL

Ma och wann zu Lëtzebuerg ganz seele seismesch Aktivitéite gemooss ginn, heescht dat net, dass et hei net eng kéier bësse wackele kéint. Ronderëm eis ginn et nämlech e puer Gebidder, wou reegelméisseg seismesch Aktivitéite gemooss ginn, sou zum Beispill an den Ardennen oder an der Äifel. En Ausmooss wéi ee grad an der Tierkei gesäit, brauch een hei awer net ze fäerten, sou den ECGS.