Éischte SchouldagRentrée fir ronn 50.000 Schüler am Secondaire

RTL Lëtzebuerg
Joel Detaille
No der Rentrée an der Grondschoul en Dënschdeg an de Septième-Klassen am Secondaire e Mëttwoch ass et en Donneschdeg d'Rentrée fir all déi aner Lycée-Klassen.
Rentrée fir ronn 50.000 Schüler am Secondaire
No der Rentrée an der Grondschoul en Dënschdeg an de Septième-Klassen am Secondaire e Mëttwoch ass et en Donneschdeg d'Rentrée fir all déi aner Lycée-Klassen.

Nodeems e Mëttwoch ronn 6.000 Schülerinnen a Schüler hiren éischte Schouldag op Septième haten, ass et haut un deenen aneren an de Lycéeën. Am Ganze si fir dëst Schouljoer 55.926 Schüler am Secondaire ageschriwwen - nach eng Kéier gutt 1.000 méi, wéi nach d’lescht Joer. 6.175 Proffen halen am Enseignement public Cours. Zwee Drëttel dovu si Fonctionnaire, déi aner Employé de l’État.

Deen ëffentleche Lycée, an deen déi meescht Schüler ginn, ass iwwregens de Lycée Technique du Centre um Lampertsbierg an um Kierchbierg mat 2.120 Aschreiwungen. Esou op alle Fall déi offiziell Zuelen, déi vum Ministère matgedeelt goufen. Déi Verantwortlech vum Lycée selwer hu sech awer en Donneschdeg de Moien un eis Redaktioun adresséiert a gesot, et wieren tatsächlech 2.423 Schüler am LTC. Mam Lycée Mathias Adam zu Péiteng sinn et déi eenzeg zwee, an déi méi wéi 2.000 Schüler higinn.

Och am Lycée Michel Lucius um Lampertsbierg huet en Donneschdeg fir ronn 1.600 Jonker de Schoulalldag rëm ugefaangen:

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO