Dat ass d'Zil vun engem neie Projet de Loi, deen d'Familljen- an Integratiounsministesch Corinne Cahen en Dënschdeg de Moie presentéiert huet.

Wéi wëlle mer an engem Land zesumme liewen, an deem ronn 50% vun den Awunner net déi Lëtzebuerger Nationalitéit hunn? Mat engem neie Projet de Loi soll d'interkulturellt Zesummeliewen gefërdert ginn. Dëse gouf d'lescht Woch am Regierungsrot presentéiert an ugeholl.

Op enger Pressekonferenz en Dënschdeg de Moien huet d'Familljen- an Integratiounsministesch Corinne Cahen Prezisioune ginn, wat mam neien Text ännert oder bäikënnt. Et géif drëm goen, datt jidderee aktiv um Liewen deelhuele kann, a sech och representéiert fillt. Dat soll ënnert anerem mam sougenannten "pacte cityoen" geschéien, deen an Zukunft jiddereen ënnerschreiwe kann - Lëtzebuerger wéi Net-Lëtzebuerger an och Frontalieren - an deen hinnen Accès gëtt op de Programm vum interkulturellen Zesummeliewen. Dozou gehéieren ënnert anerem Sproochecoursen, Informatiounen iwwert d'Land oder iwwert administrativ Demarchen.

Fir all Persoun, déi dëse Pakt ënnerschreift, kritt d'Gemeng 5 Euro. Donieft kritt all Gemeng 30.000 Euro d'Joer zur Verfügung gestallt fir e Coordinateur, dee sech ëm d’Ëmsetzung vum Pacte fir d’interkulturellen Zesummeliewen a senger Gemeng këmmert.

Op nationalem Niveau soll mam neie Projet de Loi e conseil superieur geschaaft ginn, wou en Deel vun de Membere vum Minister noméiert gëtt, d'Majoritéit allerdéngs aus der Zivilgesellschaft an de Gemengen komme soll. D'Missioune vun deem Conseil supérieure sinn et de Minister ze beroden an ze ënnerstëtzen, Prioritéiten ze identifizéieren, awer och Ëmfroen, Analysen, Etuden oder Rapporten iwwert verschidden Aspekter vum vivre-ensemble interculturel ze maachen.