En Dënschdegowend huet d'Chamber unanime ee Gesetzesprojet ugeholl, deen et erlaabt, datt géint aktuell a fréier Regierungsmembere enquêtéiert gëtt.

"Lex Dieschbourg"

An Zukunft sinn Enquêten géint aktuell oder fréier Regierungsmemberen méiglech - dat entspriechend Gesetz gouf en Dënschdeg unanime an der Chamber gestëmmt. E Gesetz, dat als Hannergrond huet datt déi fréier Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an der sougenannter "Gaardenhaischen-Affär" ka befrot ginn. Eng Partie vun den Deputéierten hunn en Dënschdeg betount, datt d'Gesetz kee Virdeel, mee och keen Nodeel fir d'Politiker dierft hunn.

D'Proposition de Loi wier mat der neier Verfassung net néideg gewiescht huet den Rapporter, den LSAP Deputéierte Mars Di Bartolomeo betount:"Well de neie Verfassungstext déi strofrechtlech Responsabilitéit vu Regierungsmemberen vollstänneg nom droit commun reegelt an d'Chamber net méi intervenéiert oder just a Randfäll."

D'CSV wier net Demandeur vun dësem Gesetz gewiescht, mee et géing awer ëm de Kär vum Rechtsstaat an der Demokratie goen, huet den Gilles Roth betount an e puer Fakten wollten ervirsträichen:"Ouni Autorisatioun vun der Chamber kënnen Ermëttlungen géint e fréieren oder aktuelle Regierungsmember net gemaach ginn. An dat ass de Punkt. An et ass net e Recht vun engem Minister iergendwou eng Ausso ze maachen"

D'Josée Lorsché vun déi Gréng huet betount, datt dëst Gesetz scho vill éischter hätt misse kommen an huet ënnerstrach, datt munches einfach inacceptabel wier:"Der Chamber am Joer 2022-2023 dat exklusiivt Recht zouzeschwätzen Regierungsmemberen ze accuséieren, also d'Roll vum Geriicht, vum 3. Pouvoir ze spillen."

D'Deputéiert ware sech eens, datt et heimat ëm d'Vertrauen, d'Glafwierdegkeet an Responsabilitéit vum 1. Pouvoir vum Land géing goen.