
Et ass déi éischte Kéier, datt d’Lëtzebuerger Radiosender zesummen eng App lancéieren, déi all d'Senderen op enger Plaz zesummebréngt.
Eldoradio, L'essentiel Radio, radio 100,7, Radio ARA, Radio Latina, RTL - Deutschlands Hit-Radio, RTL Gold, RTL LX, RTL Radio Lëtzebuerg an RTL Today Radio lancéieren Radioplayer.lu.
Déi offiziell App vun den Haapt-Radiosender zu Lëtzebuerg erlaabt et Iech, iwwerall an zu all Moment gratis Musek an Neiegkeeten ze lauschteren an Är Liblingspodcasts ze abonéieren.
Radioplayer.lu erlaabt Iech ënner anerem:
- Nei Radiosender a Podcasts ze entdecken
- Är Liblingspodcasts erofzelueden an offline ze lauschteren
- Lëtzebuerger Radiosender iwwer d'Grenzen eraus ze lauschteren
- Notifikatioune fir nei Episode vun Äre Liblingspodcasts ze kréien
- Alles, wat Dir lauschtert, iwwer sozial Netzwierker, Messagen an E-Mail-Apps ze deelen
- Via e Bluetooth-Speaker ze lauschteren oder iwwert Är Tëlee ze casten; Ënnerstëtzung fir Apple Watch, Google Cast an Android Wear
- D'Ënnerstëtzung vun Apple CarPlay an Android-Auto, och d'Stëmmkontroll ass méiglech, fir sécher beim Fueren tëscht Äre léifste Senderen ze wiesselen
Radioplayer ass déi Radio-App, fir informéiert ze bleiwen an déi bescht Musek a Podcasts iwwerall an zu all Moment ze genéissen. Méi Informatiounen op www.radioplayer.lu.
D'RTL-Radiosender lauschteren – Ouni Radio! Wéi geet dat?

Dir braucht kee Radio, fir RTL Radio Lëtzebuerg, RTL Today Radio, RTL Gold an RTL LX ze lauschteren – Dir braucht just déi fuschnei Radioplayer App am Apple Store oder Google Play Store erofzelueden. Aner Méiglechkeeten, fir eis Radioen online ze lauschteren, fannt Dir hei.
Iwwer Radioplayer
Radioplayer Worldwide Ltd. ass eng Asbl, där hiert Zil et ass, et méi einfach ze maachen, Radio op verbonne Geräter ze lauschteren. Si ass a 17 Länner present: Éisträich, Belsch, Kanada, Dänemark, Finnland, Frankräich, Däitschland, Griicheland, Irland, Italien, Lëtzebuerg, Holland, Norwegen, Spuenien, Schweden, Schwäiz an am Vereenegte Kinnekräich.