RTL bitt an der Tëschenzäit 7 verschidde Webradioen un, Radiosprogrammer, déi een "online" lauschtere kann, ouni onbedéngt e Radio mussen ze hunn.
Eise ganze Programm um Radio, den RTL Gold, den RTL LX an den RTL Today Radio kënnt Dir lauschteren, egal wou Dir sidd, d'Haaptsaach ass, Dir hutt Reseau!
Méiglechkeet 1 – Iwwert d’App “RTL Play.lu”
D’App "RTL Play.lu" kënnt Dir Iech aus dem Apple App Store oder iwwert de Google Play Store downloaden.
Download on
Méiglechkeet 2 – Iwwert de Site “play.rtl.lu”
Dir gitt an Ärem Browser d’Adress https://play.rtl.lu/ an. Direkt uewen um Site, nieft dem Logo RTL Play fannt Dir 4 verschidde Menüpunkten (Home, Shows, Podcast, Live).
Dee leschte vun dëse 4 Menüen heescht LIVE. Wann Dir doropper gitt, kommt Dir direkt op déi Säit, wou eis Webradioen ze fanne sinn.
Site 1
Méiglechkeet 3 - Iwwert Äre Wlan Radio
Leider ass et net méiglech, all d'Radioe vun RTL op TuneIn unzebidden, well déi Plattform zanter 2018 keng nei Programmer méi an hire Listing ophëlt. Déi meescht Apparater bidde mëttlerweil d’Méiglechkeet un, datt ee selwer ka Sender bäisetzen.
Radioplayer.lu:
Radioplayer ass déi offiziell App vun den Haapt-Radiosender zu Lëtzebuerg, déi et Iech erlaabt, iwwerall an zu all Moment gratis Musek an Neiegkeeten ze lauschteren an Är Liblingspodcasts ze abonéieren. Méi Informatiounen op www.radioplayer.lu. Den Artikel iwwer Radioplayer Luxembourg fannt Dir hei.
Dir kënnt och iwwer Sonos a Bose lauschteren.
Am Auto kënnt Dir Äre Smartphone via Bluetooth oder Apple Car Play connectéieren.