Wéinst Abus de FaiblesseSechs Joer Prisong, dovun zwee mat Sursis

RTL Lëtzebuerg
Dat ass d’Urteel am Prozess géint eng 40 Joer al Fra, déi wéinst Abus de Faiblesse ugeklot war.
© Envato (Symbolbild)

De Parquet hat der ugekloter Fra virgeworf, iwwert en Zäitraum vun aacht Joer engen néng Persounen alles an allem ronn 380.000 Euro ofgeknäppt ze hunn.

Urteel Abus de faiblesse - E Reportage vum Michèle Sinner

D’Fra muss zousätzlech zu hirer Prisongsstrof zwou Zivilparteien vun den Affer am ganzen 87.900 Euro zeréckbezuelen. Hieren Affekot sot op Nofro, d’Strofmooss géif him zimmlech haart schéngen, fir eng Persoun, déi keng Antécédenten hätt, also bis elo e Casier vierge virweist. Ob een an Appel géing goen, doriwwer misst hien als éischt mat senger Cliente schwätzen.

D’Riichter si mat hirem Urteel ënnert der Demande vum Parquet fir siwe Joer feste Prisong ouni Sursis an enger Geldstrof bliwwen. Eent vun de presuméierte Affer hat sech viru Geriicht definitiv als net vulnerabel erausgestallt. De Mann hat viru Geriicht ausgesot, hien hätt der Fra fräiwëlleg alles an allem 27.000 Euro ginn, och wann hie gemengt hätt, e gréisseren Deel dovun zréckbezuelt ze kréien. Hien hätt aus chrëschtlecher Nächsteléift gehandelt, well e Matleed mat der Fra an hire Kanner hat, sou de Mann wärend dem Prozess.

De Vertrieder vum Parquet hat der Fra virgeworf, ganz geziilt a professionell virgaangen ze sinn. Si huet hir Affer am ëffentleche Raum ugeschwat, entweder eleng oder zesummen mat engem Mann an ëm Hëllef gefrot, respektiv no enger Ustellung als Botzfra oder Fleegekraaft gesicht. Sou huet si d’Männer kennegeléiert an huet eng Relatioun opgebaut.

Hieren Affekot hat wärend dem Prozess gesot, d’Ugeklote wier selwer eng vulnerabel Persoun. Si hätt eng ganz haart Liewensgeschicht. D’Fra, déi aacht Kanner huet, gouf mat 15 Joer fir d’éischte Kéier Mamm a mat 16 fir zweet schwanger. Dat wier no de aktuellen Lëtzebuerger Gesetzer Viol, sou hiren Affekot. Si hätt net eleng gehandelt, mee hätt hirem Mann missen Suen ofliwweren, dee selwer nach ni geschafft hätt. Dee war net an der Affär ugeklot. Dofir wieren et net genuch Elementer ginn, hat de Vertrieder vum Parquet erkläert.

Back to Top
CIM LOGO