An der Chamberkommissioun fir d'bannenzeg Sécherheet goufen e Freideg Amendementer um Gesetzesprojet fir "d'Bodycams" fir Poliziste gutt geheescht.

De Staatsrot hat a sengem Avis Ännerungen um Text gefuerdert, fir eng formell Oppositioun ze verhënneren. Et gouf notamment elo präziséiert, a wéi enge Fäll Polizisten dierfen am private Raum filmen. Dat wier just erlaabt, wann een no Hëllef rifft, a Fäll vun haislecher Gewalt a bei Verbriechen a flagranten Delikter oder wann et Indice géinge ginn, datt eng Strofdot oder en Delikt drop an drun ass ze geschéien, heescht et um Internetsite vun der Chamber. Et gouf och präziséiert, wéi de Beamten déi concernéiert Persoun a Kenntnis setze muss, datt si gefilmt gëtt.

De Staatsrot hat och festgestallt, datt am Exposé des motifs géing argumentéiert ginn, d'Kamerae wieren och do fir d'Bierger ze schützen. Am Text wier awer net virgesinn, datt d'Biller duerfen am Fall vun engem Feelverhale vun engem Beamte benotzt ginn. Op deem Punkt wier keng Ännerung virgesinn, sou d'Rapportrice vum Gesetzprojet Stéphanie Empain op Nofro. Et ass deemno och weider net virgesinn, datt de Bierger de Beamte froe kann, seng Kamera unzemaachen. An hiren Ae géing dat awer net heeschen, datt d'Opnam net a sou Fäll dierfte benotzt ginn. Si huet ënnerstrach, datt d'Zil vum Gesetz net wier, fir d'Beamten z'iwwerwaachen oder ze disziplinéieren.

Viraussiichtlech 2025 kéinten déi éischt Poliziste mat Kierperkameraen equipéiert ginn.