Gesetz soll net hierginn, wat d'Regierung verspréchtDe Staatsrot leet eng Opposition Formelle géint d'Gesetz iwwert d'Bodycams an

Fanny Kinsch
D'Polizisten zu Lëtzebuerg solle mat sougenannte Bodycams equipéiert ginn. Dat entspriechend Gesetz ass den Ament um Instanzewee.
© afp

Avis Staatsrot Bodycams - Reportage vum Fanny Kinsch

De Staatsrot mécht a sengem Avis eng formell Oppositioun, weist awer och drop hin, datt den Text net dat hiergëtt wat d’Regierung versprécht.
D’Policebeamte sollen alleguer mat Kierperkameraen equipéiert ginn, ma dat heescht awer net, datt dës Kameraen déi ganzen Zäit ophuelen. Dat soll just a spezifesche Situatioune méiglech sinn.

Am Exposé des motifs géing d’Regierung argumentéieren, d’Bodycams wieren do, fir d’Polizisten ze schützen, zum Beispill wa si riskéieren aggresséiert ze ginn oder wa si no engem Asaz missten d’Legalitéit an d’Legitimitéit vun hiren Aktioune beweisen. Op där anerer Säit géingen d’Kameraen och zum Schutz vun de Bierger bäidroen, a Fäll an deenen e Beamte sech falsch verhält. De Staatsrot stellt fest, datt am Gesetzesprojet awer net steet, datt d’Donnéeën a Fäll, an deenen e Polizist sech falsch verhält, dierfte benotzt ginn. Do misst nogebessert ginn, fuerdert déi héich Kierperschaft. D’Decisioun fir ze filme géing aktuell och just beim Polizist leien, deen d’Kamera dréit. Hei misst ee sech d’Fro stellen, ob d’Persoun déi mam Polizist ze dinn huet dat net och misst froe kënnen.

D’Opposition formelle vum Staatsrot betrëfft deen Deel vum Text, an deem virgesinn ass, datt d’Persoun déi gefilmt gëtt, doriwwer muss informéiert ginn. Do wieren eng Rei Ausname virgesinn, an deenen d’Persoun net muss informéiert ginn, ënnert anerem wann et eng Stresssituatioun wier. De Facteur Stress, dee bei enger Policeinterventioun entstoe kéint, géing awer net duergoen, fir déi allgemeng Reegel net ze respektéieren. D’Opnamen duerch d’Bodycams wieren en Agrëff an d’Privatsphär an hei misst de Proportionalitéitsprinzip respektéiert ginn, sou wéi et an der Verfassung virgesinn ass. De Staatsrot proposéiert eng aner Formuléierung vun deem Deel vum Gesetzesprojet, fir d’Opposition formelle opzehiewen.

Den Text géing da virgesinn, datt de Beamten, déi Persoun déi gefilmt gëtt, mëndlech oder op eng aner Aart a Weis informéiere kéint. Hei misst dann awer och kloer definéiert ginn, op wéi eng aner Aart a Weisen déi Informatioun kéint kommunizéiert ginn, wann et net mëndlech ass.

De Staatsrot freet d’Regierung dann och, méi genee ze definéieren, wéi d’Donnéeë kënnen opgeruff ginn. Wann eng Opnam vun engem Policebeamte consultéiert gëtt, misst dat festgehale ginn an e misst och uginn, firwat en d’Biller wëll kucken. Dofir misst eng schrëftlech Demande un de Generaldirekter geriicht a vun dësem accordéiert ginn.
Schliisslech fuerdert de Staatsrot d’Regierung op, am Gesetzestext kloer ze definéieren, a wéi enge Situatiounen op Plazen duerf gefilmt ginn, déi net ëffentlech zougänglech sinn.

Artikel: Projet de loi um Instanzewee - All Uniforméierte soll eng Bodycam kréien (19.7.2022)

Back to Top
CIM LOGO