D'CCHD betount déi positiv Aspekter vu Bodycams, fënnt awer, datt eng Partie Punkten am Projet de loi nach net ganz kloer definéiert sinn.
D'Consultativ Mënscherechtskommissioun huet e Mëttwoch hiren Avis zu engem Projet de Loi iwwer d'Aféierung vun de sougenannte Bodycams presentéiert. Dëst si Kameraen, déi vun der Police um Kierper gedroe solle ginn, a souwuel Bild ewéi och Toun wärend bestëmmten Asätz kënnen opzeechnen. D'Kamerae kënnen ënner anerem hëllefe Gewalt géintiwwer de Policebeamten ze dokumentéieren. Och allgemeng kéinten dës als Beweisstéck genotzt ginn. D'positiv Aspekter wéilt een als CCDH och net a Fro stellen an awer wier hinnen opgefall, datt de Gesetzestext sech haaptsächlech op d'Sécherheet vun der Police konzentréiert an net vun de Leit. An och allgemeng wier de Gesetzestext éischter vag formuléiert.
Der Consultativer Mënscherechtskommissioun no sollt e Gläichgewiicht tëscht Mënscherechter an der Protektioun vun der Gesellschaft hiergestallt ginn. Dowéinst missten d'Modalitéiten nach méi preziséiert ginn. Sou stellt sech zum Beispill d'Fro, wéini d'Kameraen dann iwwerhaapt solle benotzt ginn. De Max Mousel, Jurist bei der CCDH: "De Prinzip ass deen, dass u sech net gefilmt soll ginn, also eng normal Interventioun soll net gefilmt ginn, mee et dierf just gefilmt ginn am Fall vun Incidenten am Kader vun de Police-Interventiounen. Allerdéngs gëtt kee vun deene Begrëffer definéiert, sou dass een net weess, wat fir eng Situatiounen dat kënne sinn. Zum Beispill sou een Incident ass dat eppes, wat eng Strofdot muss sinn oder kann dat och eng Situatioun, déi keng Infraktioun ass, dat ass net ganz kloer…"
Onkloerheete bestinn awer och an deem Punkt, wéini d'Leit sollen doriwwer informéiert ginn, dass se gefilmt ginn. U sech sollten d'Leit schonn informéiert ginn, ausser bei sougenannte "circonstances particulières", wéi et am Gesetzestext heescht. Der CCDH géing hei net kloer ginn, wéi eng Situatiounen iwwerhaapt domat gemengt sinn.
Iwwerdeems géing aus dem Gesetzesprojet net kloer ervir goen, wéi et ëm d'Sécherheet vun den Donnéeë steet.
"Dat misst eiser Meenung no och preziséiert ginn a wat och ganz wichteg ass, dat ass, dass am Moment net virgesinn ass, wéi an ob d'Leit kënnen Accès op déi Donnéeën hunn. Also wat gefilmt ginn ass vun hinnen. Do misst een eiser Meenung no eng accessibel Prozedur virgesinn, fir datt d'Leit kënnen Accès op hir Donnéeën hunn an datt d'Donnéeën net just fir d’Police oder d'Geriicht do sinn…"
Och misst een hei preziséieren, wie schlussendlech iwwerhaapt Accès op d’Donnéeën huet, fir datt eventuell Manipulatioune kéinten ausgeschloss ginn.