Sozial, ekologesch a gerecht – esou iwwerschreift de Mouvement écologique seng Fuerderunge fir d'Nationalwalen, déi e Freideg de Moie presentéiert goufen.

An engem sougenannte Roadmap fir déi nächst Legislaturperiod huet de MouvEco 8 Fuerderungen a 40 konkret Mesurë festgehalen. Ënnert anerem missten d'Parteie sech eendeiteg par Rapport zu gesellschaftleche Prioritéite positionéieren, d'sozial an ekologesch Kris misst een zesummen ugoen, d'Klimaneutralitéit, d'Biodiversitéit an de Schutz vun eise Ressourcë misste prioritär sinn an de Steiersystem misst reforméiert ginn.

D'Propositiounen, déi de Mouvement écologique mécht, dréinen all ronderëm Themen am Beräich vun der nohalteger Entwécklung. D'Ziler vun de Politiker missten d'Erhale vun de natierleche Liewensgrondlage, d'Sécherstellung vun der Liewensqualitéit, global Gerechtegkeet an en gutt Liewe fir jidderee sinn.