Den neie Fong soll mat 200 Milliounen Euro nach méi "Firepower" hunn ewéi deen éischten an an zousätzlech Domainer investéieren.

D’staatlech Investitiounsbank SNCI liwwert 160 Milliounen an den europäeschen Invetitiounsfong EIF 40.

Genee ewéi den éischte Future Fund wäert den Zweeten an Entreprisen investéieren, déi eppes mat Zukunft ze dinn hunn an direkt och der Lëtzebuerger Ekonomie zegutt kommen. De Wirtschaftsminister Franz Fayot sot, hien ass zouversiichtlech, datt déi Investissementer eppes bréngen. Et géing awer net just em Rendement goen, mee dorëm, ekonomesch Substanz am Land ze schafen an deene strategesche Secteuren, déi identifizéiert goufen.

Dat sinn d’Fintech, Klima-Technologien, Energie-Resilienz, Cybersecurity,… mee och Medezinesch Technologien a Fro. An natierlech Space-Technologien. D’Finanzministesch Yuriko Backes huet ënnerstrach, de Futurfund wier ee wichtegt Element fir d’Ekonomie an d’Finanzplaz ze diversifiéieren. Kann ee mat 200 Milliounen Euro eppes ufänken? Sécher dat, sou de Franz Fayot. Et wiere vill Suen, wann een a Start-uppen a jonk Entreprisen investéiert.

Den éischte Future Fund huet zanter 2015 150 Milliounen Euro investéiert a mécht dat zanter dësem Joer un net méi. Seng Placementer gi lo iwwert déi nächst Joer maturéiere gelooss. An noer Zukunft sollen d’Entreprisen, an déi de Future Fund 1 investéiert huet, dem Public weisen, wat se mat de Sue gemaach hunn.