D'lescht Joer war dat nach net de Fall, heescht et an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV.

Déi wollt Explikatioune vun de Ministere fir Verdeedegung a Gesondheet, nodeems d'Lëtzebuerger Wort gemellt huet, datt e belschen Dokter mat engem kontroverse Passé fir kuerz Zäit fir d'Arméi geschafft huet. De Mann soll an 2.020 Fäll Suen entgéintgeholl hunn, fir falsch Covid-Impfzertifikater fir Leit auszestellen, déi ni geimpft goufen a gouf an enger anerer Affär wéinst Fälschung, Bedruch a Steierhannerzéiung verurteelt.

An der Äntwert ginn et eng Rei Prezisioune: Den Dokter hätt den 22. November en Déngschtleeschtungskontrakt mat der Arméi ënnerschriwwen. Den 1. an de 6. Dezember hätt hie wärend all Kéiers 8 Stonne Consultatiounen um Härebierg ginn. Den 8. Dezember wier d'Arméi gewuer ginn, datt hie virbestrooft wier an datt e Prozess wéinst falsche Covid-Zertifikater géint hie géing lafen. Dee selwechten Dag hätt hie matgedeelt kritt, datt d'Arméi net méi géing op seng Servicer zréckgräifen, hie krut den Accès op de Site gespaart a gouf eraus begleet.

Wéi sech duerno erausgestallt hätt, stoung dat Urteel géint hien awer och net am Casier, well dat an der Belsch net sou virgesi wier. De Kontrakt mam Urgentist gouf den 10. Januar dëst Joer gekënnegt. D'medezinesch Zertifikater, déi den Dokter um Härebierg ausgestallt hätt, wieren iwwerpréift ginn an hei hätt et keng Irregularitéite ginn.