
© Pixabay
E Lécker Dokter suergt an der Belsch fir e Skandal, gëtt awer duerno nach op zwou Plazen zu Lëtzebuerg engagéiert, wann och just fir kuerz Zäit.
Elo ginn et nei Detailer zu dësem Fall, iwwert dee fir d'éischt d'Lëtzebuerger Wort bericht hat.
Den Dokter, deem an der Belsch wéinst dausende gefälschte Corona-Zertifikater de Prozess gemaach gëtt, huet net just bei der Lëtzebuerger Arméi geschafft. D'Lëtzebuerger Wort hat kierzlech gemellt, datt den Urgentist am Hierscht 2022 fir e puer Deeg bei der Arméi beschäftegt war. Dat obwuel d'Virwërf géint hien an der Belsch bekannt a staark mediatiséiert waren, Reprochen déi hie Medieberichter no, net ofstreit. An enger anerer Affär gouf den Urgentist iwwerdeems am Mee 2022 wéinst Fälschung, Bedruch a Steierhannerzéiung verurteelt, also iert hie bei der Arméi engagéiert gouf.
Eisen Informatiounen no huet den Dokter am Hierscht och kuerz iert e bei der Arméi war, fir 2 Deeg hei am Land fir d'Croix-Rouge geschafft. Nach do virdru war hie Kontrolldokter zu Lëtzebuerg, wéi mir vum Sozialministère confirméiert kruten. Bei der Kontrollmedezin war den Dokter vu Léck vu Mee bis Dezember 2021 beschäftegt – also bis kuerz nodeems d'Reproche géint hien an der Belsch public goufen. Ob et en Zesummenhang tëschent de Reprochen an dem Enn vun der Zesummenaarbecht mam Dokter gëtt, wollt de Ministère net kommentéieren.
Wéi am November 2021 bekannt gouf soll den Urgentist an 2.020 Fäll Suen entgéint geholl hu, fir falsch Covid-Impfzertifikater fir Leit auszestellen, déi sech ni impfe gelooss hunn. Dofir hätt hien tëschent 200 an 1.000 Euro gefrot.
Wéi de Gesondheetsministère präziséiert, hätt den Dokter zanter dem 2. Dezember 2019 en Droit d'exercer als Urgentist zu Lëtzebuerg, also aktuell och nach ëmmer. Zum Zäitpunkt wéi hien eng Geneemegung krut, hätt nach näischt géint hie virgeleeën. Den 10. Mäerz 2020 hätt hien ugefaangen hei am Land ze schaffen. Um Site vum Collège médical ass den Dokter awer mëttlerweil net méi ënnert den ageschriwwenen Dokteren ze fannen.