Presuméiert Abriecher um Findel an zu Esch festgeholl

An der Nuecht op e Freideg gouf der Police een Abroch an der Avenue de la Gare zu Esch gemellt.
Op der Plaz konnt d'Police de presuméierten Täter stellen. Hien huet sech géint d'Beamte gewiert, déi hien doropshin immobiliséiert hunn. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a wéinst Rebellioun géint Beamte gouf ee Protokoll ausgestallt.
En Donneschdeg de Moie war et um Findel och schonn zu engem änlechen Tëschefall komm. Hei gouf der Police een Abroch an een Haus an der Cité de d'Aéroport gemellt ginn.
De presuméierten Täter konnt duerno vun de Beamte gestallt ginn, zesumme mat de Wäertsaachen, déi matgoe gelooss gi waren. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl an nach en Donneschdeg am Nomëtteg dem Untersuchungsriichter virgefouert. D'Wäertsaache sinn zeréck un hir Besëtzer gaangen.
Kee Contrôle technique, Kanner net ugestréckt oder schlecht Pneuen
Den 22. Mäerz huet d'Police zu Schwéidsbeng (N19) an tëscht Rued an Aassel (N2) Verkéierskontrollen zesumme mat der Douane duerchgefouert.
Ënnert anerem haten an 9 Fäll d'Gefierer kee richtege Contrôle technique. An zwee Fäll waren d'Pneuen net an der Rei an an dräi Fäll huet d'Steiervignette gefeelt.
Een Automobilist konnt kee Fürerschäi virweisen an an zwee Fäll ware Kanner net ugestréckt am Auto. Zwee Automobiliste goufen da protokolléiert, well et Onreegelméissegkeete bei de Pabeiere vum Auto gouf. Alles an allem waren 12 Beamte vun der Police a vun der Douane am Asaz.
En Donneschdeg den Owend ass bei enger Alkoholkontroll zu Gréiwemaacher op der Route du Vin den Test ausserdeem an zwee Fäll positiv ausgefall. Alles an allem waren 110 Automobiliste kontrolléiert ginn.