Géint 7.15 Auer huet et tëscht Clierf an Ischpelt gerabbelt. En Auto an eng Camionnette waren hei net laanschtenee komm.

Géint 7.45 Auer ass zu Rued bei Simmer an Auto am Gruef gelant.

Kuerz virun 8.30 Auer ass dat selwecht engem Automobilist tëscht Béiwen an Noutem geschitt.

Géint 10.15 Auer gouf et en Accident an der Stad um Pont Jean-Pierre Büchler, dat tëscht engem Auto an engem Camion.

Bei all deenen Accidenter gouf jeeweils eng Persoun verwonnt.