"Schwéier fir iwwer d'Ronnen ze kommen"
Vun der Pandemie war den Horeca-Secteur besonnesch haart getraff. Elo mécht d'Inflatioun ze schafen.
E konkret Beispill vun engem Restaurant aus dem Norden:
Iesswueren - d'Basis fir all Restaurant. An de leschten 12 Méint wiere se tëscht 25 an 30% méi deier ginn, seet de Steve Martellini, Patron vun engem Lokal zu Wuelessen. Dat regionaalt Fleesch, Spezialitéit a sengem Haus, géif am Akaf an der Moyenne bis zu 40% méi kaschten. De Betrib kéint a wéilt dës Hausse net integral un d'Clientë weiderginn, kéint se selwer awer och net ganz iwwerhuelen. Deemno misst een d'Präisser no uewen upassen. Dat steet um Menü ze liesen.
"Dir kënnt dat guer net weiderginn. Mir probéieren do esou en Equiliber ze fannen. Mir hunn d'Quantitéiten e bëssen ugepasst. Mir hunn einfach aner Stécker, wou mer ubidden, wou mer einfach probéieren, e gudde Melange ze fannen tëscht béidem", erkläert de Steve Martellini.
Och d'Energiekäschte schloen zu Buch. Obwuel de klenge Betrib vun de selwechte Präisbremse profitéiert wéi d'Stéit. Verschidde Clienten iwwerdeems kéime manner dacks. An dësem Restaurant notéiert een eng Baisse vun 10%. Wann dann nach, wéi leschte Mount eng Indextranche bäikënnt an am Abrëll déi nächst fir 10 Mann Personal erfält - 1.500 Euro pro Tranche pro Mount - dann deet dat wéi.
Schwéier Zäiten, woubäi dëse Patron nach d'Chance huet, net mussen ze lounen. Dofir awer leeft de Prêt fir Renovatiounsaarbechten. Reserve wieren zanter der Pandemie quasi keng méi do. D'Gewënnmargen dofir awer am fräie Fall, seet de Steve Martellini.
"Mir hu viru Corona vun enger Marge tëscht 18 an 22% geschwat ongeféier. Dat war esou eng Marge, déi mer haten. De Moment schwätze mer vun 3-5%. Op laang Siicht geet dat natierlech net op."
Also muss gespuert ginn. Zwee Mataarbechter, déi de Betrib wärend der Pandemie verlooss hunn, goufen net ersat. Fir d'Käschten erofzeschrauwen, ass de Restaurant just nach 5 Deeg d'Woch op amplaz 6.