Paiement complémentaire och bei psychotherapeutesche Soine méiglech
D'Gesondheetskeess deelt mat, datt psychotherapeutesch Patienten elo och den zousätzleche Paiement kënne kréien, fir déi finanziell Laascht ze limitéieren.
Psychotherapeutesch Soine ginn zanter dem 1. Februar vun der CNS deelweis iwwerholl: 70% fir Erwuessener an 100% fir Mannerjäreger. Wéi d'Gesondheetskeess e Mëttwoch de Moie matgedeelt huet, wier se sech bewosst, datt verschidde Persounen eng Rei Seancë brauchen, fir rëm gesond ze ginn, mee d'finanziell Laascht fir déi Persounen deemno riskéiert héich ze ginn. Dowéinst kënnen ënner Ëmstänn Leit vun elo un och e Paiement complémentaire vun der CNS kréien.
Fir den Zousaz kënnen ze kréien, muss een e Calcul maachen: wann d'perséinlech Participatioun iwwert de Seuil vun 2,5% vum Revenu cotisable klëmmt, kann een den Deel iwwert dem Seuil rembourséiert kréien.