Zu Leideleng an an der StadDräi Blesséierter bei Accidenter am Trafic

RTL Lëtzebuerg
Bei engem Accident zu Bouneweg gouf e Vëlosfuerer méi uerg blesséiert.
De Cyclist gouf vum Noutdokter vum Samu versuergt.
© Jeannot Ries

Géint 18:20 Auer e Mëttwochowend krute sech zu Leideleng an der Rue de la Gare zwee Autoen ze paken. D'Ambulancieren aus der Stad hunn hei eng blesséiert Persoun versuergt. Donieft waren d'Stater Pompjeeën op der Plaz.

Kuerz no 8 Auer en Donneschdegmoie gouf dann an der Route de Thionville zu Bouneweg e Cyclist vun engem Auto erfaasst. De Stater Samu an d'Ambulancieren an d'Pompjeeën aus der Stad waren hei am Asaz.

Géint 8:40 Auer gouf dann eng Persoun bei enger Kollisioun tëscht zwee Autoen am Rollengergronn blesséiert. Och hei waren d'Stater Ambulancieren a Pompjeeën am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO