An engem Joer soll an deene véier Nordstadgemengen Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldeng-Sauer a Schieren ee Referendum iwwert eng Fusioun ofgehale ginn. Virun deem Hannergrond organiséieren déi Gréng aus der Nordstad aktuell véier Informatiounsowender. E Mëttwoch war esou een Owend zu Dikrech.
15 Leit haten um Enn de Wee an d'Dikrecher Grondschoul fonnt. Wärend op där enger Säit vum Gank ee Gesangsveräin geprouft huet, hunn op der anerer Säit de gréngen Dikrecher Conseiller Frank Thillen an de Claude Feltgen vun Ettelbréck Erklärunge ginn. Iwwert d'Geschicht vun der Nordstad, déi jo op enger Iddi vum fréieren héije Beamten Adrien Ries aus de 70er-Jore baséiert, wéi déi véier Nordstadgemengen elo schonn a Syndikater zesummeschaffen a firwat eng Fusioun sënnvoll wier. Dat virop, well méi grouss Gemengen hire Bierger méi Servicer ubidde kéinten, esou de Claude Feltgen:
"Ee Beispill, dat fir eis Gréng natierlech ganz wichteg an interessant ass, ass ee Service écologique, dat heescht ee Service, dee sech drëm këmmert, datt eis Natur an eis Ëmwelt an der Gemeng uerdentlech funktionéiert. A sou ee Service hu mer aktuell an der Nordstad just zu Ettelbréck, do ass eng Persoun agestallt, déi sech just dorëm këmmere soll."
Aner Beispiller wieren ee Service enfance, wéi et en zu Ettelbréck gëtt, an ee Service festivités, deen elo schonn zu Dikrech an Ettelbréck existéiert. Ee weidert Argument fir eng Fusioun wier, datt eng staark Nordstadgemeng als Spriecher fir dat ganzt Éislek optriede kéint.
No der Presentatioun gouf et eng Froeronn, hei huet sech eng Fra dorunner gestouss, datt sech deels ze vill drop konzentréiert géing ginn, d'Bierger mat grousse Projeten ze lackelen:
"Ech suivéieren d'Nordstad och scho bëssi méi laang, déi ganz Projeten, iwwert déi ëmmer geschwat gëtt, a wou een als Bierger ëmmer denkt, wat wëlle se dann, firwat geet et net virun. An dann tauchen op eemol all puer Joer immens Lëschten op mat immense Projeten, wou ee sech denkt, hunn déi se dann nach alleguerten? Vu Sportplazen hei, vu Bikes, wat och ëmmer, vu Padelterrainen, ech weess net wat nach alles. Dat kënnt engem sou bëssi vir, wéi wann et Wonschdenke wier vu verschiddene Politiker oder Techniker, déi an iergendengem Syndikat schaffen, nom Motto, dat doten hätt ech gären a wann ech dat doten net kréien, da wëll ech awer och net matmaachen."
Wärend de Frank Thillen an de Claude Feltgen deels zougestëmmt a gemengt hunn, datt d'Politiker heiansdo manner wäit wéi d'Leit wieren, huet eng aner Nolauschterin méi dogéint gehalen:
"Déi Projeten do sinn net onbedéngt aus dem loftleere Raum op eemol entstanen. Do waren och Biergerforen, déi sinn och begleet gi vun engem Bureau d'études an do sinn d'Prioritéiten ausgeschafft ginn an déi sinn eben och opgegraff ginn. Do konnt iwwregens jidderee sech mellen, fir do matzeschaffen an herno sinn déi Projeten ëffentlech virgestallt ginn."
Eng aner Fra wollt wëssen, wéi et mat der Zoustëmmung ënnert dem Gemengepersonal zur Fusioun ausgesäit. Do war et d'Äntwert, datt engem Bericht no ongeféier een Drëttel negativ agestallt wier an de Rescht neutral oder positiv. Et kéint een net vun enger Euphorie schwätzen, mee dat géing virop dorunner leien, datt op gréng Luucht gewaart géing ginn. Vum Frank Thillen war et dëse Vergläich: Et péckt een d'Wallis réischt, wann ee weess, datt et definitiv an d'Vakanz geet.
Och wann den Interessi sech a Grenze gehalen huet, war den Dikrecher Conseiller um Enn awer zefridden.
"Et ware ganz breetgefächert Froen, et war och ënnerschiddlech zu Schieren an zu Ettelbréck an hei zu Dikrech. Et léiert ee scho bäi, wou d'Leit Froen hunn a wou se d'Virdeeler gesinn, mee insgesamt muss ee soen, mir haten am Fong ëmmer eng positiv Ambiance. Jidderee gesäit an, datt dat Virdeeler huet, mee e wëllt och wëssen, wat dat herno genee bedeit, wéi et strukturéiert ass, wéi ee ka matschwätzen, wéi déi Projeten, déi een elo spiert, datt se schonn an der Nordstad iwwert de Syndikat geschéien, wéi déi funktionéiere wäerten."
Et wier engem awer och kloer, datt et sech dobäi net onbedéngt ëm ee representative Grupp gehandelt huet, well et virop politesch interesséiert Leit, dorënner eng Partie Parteimemberen oder Sympathisanten, waren.
Aktuell beroden déi véier Schäfferéit mam Inneministère ënnert anerem iwwert d'Héicht vun der méiglecher finanzieller Ënnerstëtzung. Sollt de Referendum Enn d'nächst Joer positiv ausfalen, géing d'Fusioun bei de Gemengewalen 2029 Realitéit ginn.