E Mëttwochnomëtteg huet d'Police eng gréisser Kontroll am Garer Quartier an der Stad gemaach. De Fokus louch op Verstéiss géint d'Drogegesetzer an op der illegaler Immigratioun. Zéng Beamten an ee Policehond waren am Asaz. 32 Persoune goufe kontrolléiert.
Am Ganze goufen zwee Avertissements taxés an ee Protokoll wéinst Verstéiss géint d'Drogegesetzer geschriwwen. Ee weidere Protkoll gouf am Kader vun engem Fall vu Schwaarzaarbecht geschriwwen.
A sechs weidere Fäll goufe Rapporte geschriwwen, well déi kontrolléiert Persoune keng Openthaltsgeneemegung konnte virweisen. Bei fënnef Persoune goufen d'Donnéeë méi genee kontrolléiert. Véier Persoune goufe vun der Police gesicht, ënnert hinnen eng, déi nach eng Geldstrof opstoen hat.
An der Nuecht op en Donneschdeg krut d'Police iwwerdeems verdächteg Geräischer aus engem eidelen Haus zu Beetebuerg gemellt. Bannen am Haus hunn d'Beamte vun der Police dann dräi Persounen ugetraff, déi ouni Erlabnis do waren. Eng vun hinnen hat Droge bei sech, déi saiséiert goufen. Déi entspriechend Protokoller goufe geschriwwen.
En Donneschdeg ass enger Patrull vun der Police da moies fréi e Mann opgefall, dee sech zu Gréiwemaacher am Agangsberäich vun enger Bank opgehalen huet. Wéi d'Beamten de Mann kontrolléiert hunn, hu si hannert engem Ecran, op deem eng Reklamm gewise gouf, eng Wo fonnt. Ausserdeem hat de Mann eng kleng Quantitéit Cannabis bei sech. D'Beamten hunn doropshin decidéiert, de Mann mat op de Policebüro ze huelen. Ma um Wee fir dohin huet dësen tëschenduerch versicht, ze flüchten, wat awer verhënnert gouf. De Cannabis, d'Wo a Boergeld goufe saiséiert. Et gouf e Protokoll geschriwwen.