
Déi éischt Maschinn vun Etihad Airways gouf e Mëttwoch um Findel mat enger Waasserfontän begréisst. Etihad ass domat déi éischt Airline aus dem Mëttleren Osten, déi Lëtzebuerg uflitt.

D'Volle si méindes, mëttwochs, freides a sonndes. D'Airline setzt en Airbus A321LR an, deen nieft 144 Economy-Plazen och 14 Sëtzer an der Business Class an zwou First Suites bitt.
Déi nei Verbindung soll net nëmmen d'Rees an d'Haaptstad vun de Vereenegten Arabeschen Emirater vereinfachen, mee och den Zougang zu weideren Destinatiounen erméiglechen. Iwwer Abu Dhabi kënnen d'Passagéier ënner anerem op Bangkok, Tokyo, Sydney a Colombo weiderfléien.
De Generaldirekter vu lux-Airport, Alexander Flassak, huet sech erfreet gewisen iwwer déi nei Verbindung. Si géif net nëmmen de Leit aus Lëtzebuerg, mee och de Passagéier aus den Nopeschlänner eng direkt Verbindung mat Abu Dhabi an zousätzlech Reesoptiounen ubidden.
An deem Kontext ass och um Mëttwoch den Owend eng Reportage am Journal op RTL Télé Lëtzebuerg.