"Zäit fir staark sozial Gemengen". Ënnert deem Motto huet d'LSAP en Dënschdeg den Owend zu Déifferdeng de Startschoss fir de Walkampf ginn.

Knapp véier Woche bleiwen, bis an de Gemengen nei gewielt gëtt an der LSAP hiert Zil ass et ,d'Néierlag vun 2017 erëm gutt ze maachen.

D'LSAP huet de Gemengewalkampf lancéiert / Dany Rasqué

Wann een dem Parteipresident Dan Biancalana nogelauschtert huet, ass et de Sozialisten do dann och net baang. Et bréicht ee keng "has been National-Politik-Staren", déi elo Gemengewalkampf maachen, wéi dat bei anere Parteien de Fall wier.

"Mir mussen och de Leit net nolafen, fir hinnen z'erklären, datt mer 'no bei dir' sinn oder einfach 'méi no' sinn. D'Leit wëssen, datt mer matzen dra sinn, dass mer bei hinnen d'Besoinen an d'Suerge fillen an d'Leit wësse ganz kloer, datt se sech op d'LSAP-Kandidatinnen a -Kandidate kënne verloossen. D'Leit wëssen, datt se op eis ziele kënnen. Op hier lokal LSAP-Kandidaten an e bessert Zeeche gëtt et net."

Eng vun de Gemengen, an där d'LSAP den 11. Juni wëll gewannen, ass d'Stad Lëtzebuerg. Datt vill Leit sech et net kënne leeschten, do ze wunnen, läit fir d'Presidentin vun de Femmes socialistes a Co-Spëtzekandidatin aus der Stad Maxime Miltgen un deene Liberalen.

"Wat d'DP an de leschte 54 Joer verpasst huet, ass konsequent a sozial respektiv abordabele Wunnraum z'investéieren. D'Resultat dovunner ass, datt mer ee vun deenen niddregsten Tauxen hunn an Europa vu sozialem Wunnraum, an datt d'Stad ëmmer méi zu enger Plaz verkënnt, fir e puer Privilegéierter."

Nieft dem Wunne setzt d'LSAP op Educatioun, Gesondheet, Aarbecht, Soziales a Klimaschutz.

D'Spëtzekandidatin fir d'Chamberwalen Paulette Lenert ass dovunner iwwerzeegt, datt hier Partei prett ass.

"Mir sinn an de Startbléck a mir hunn dat, wat ee sech idealerweis ka wënschen. Mir hu méi jonk Leit wéi jee an eiser Partei. Net nëmme bei eise Memberen, mä och op eise Lëschten. Mir hu méi Fraen op de Lëschte wéi jee. Mir sinn am Progrès op deem, wat eis wichteg ass: No vir kucken. Mir schwätzen net just vu Renouveau, mir liewen en."

Dat soll sech am Superwaljoer bezuelt maachen. Den 11. Juni bei de Gemengen- an den 8. Oktober bei de Chamberwalen.