"D’Stad brauch frësch Leit, déi mat Schwong eruginn"

D’LSAP Esch huet e Mëttwoch an der Jugendherberg zu Esch hire Programm fir d’Gemengewale presentéiert.
"Zäit fir neie Schwong" ass de Programm vun der Escher LSAP iwwerschriwwen. Eng 12 Kandidate ware komm, fir hire Spëtzekandidat Steve Faltz bei der Presentatioun vun den neien, alen Iddien z'ënnerstëtzen. Den iwwergeuerdente roude Fuedem vum Programm wier nämlech, wéi ëmmer schonn, d'Sozial- a Generatiounsgerechtegkeet. Dofir wieren dëse Punken och keen eegent Kapitel gewidmet. D'Kandidate sinn dovunner iwwerzeegt, dass si net wéinst hirer politeschen Inhalter bei de leschte Walen 2017 Wieler verluer hätten, mee well et hinnen net gelonge wier, d’Inhalter esou ze vermëttelen, dass d’Wieler sech ugesprach gefillt hätten.
Wann de Steve Faltz dono gefrot gëtt, wat hien zu Esch als éischt wéilt upaken, nennt hien d'Logementspolitik. De kommunale Wunnengspark soll der LSAP Esch no vun haut 350 op 1.500 Wunnenge bis 2035 ausgebaut ginn. Ma a senger Ried huet hie mat der Schoulpolitik ugefaangen. All Kand soll déi selwecht Chancen hunn. Haaptmesurë sinn hei ënner anerem, dass d’Zuel vun de Ganzdagsschoule vun 180 op 500 soll erhéicht a fir all Escher Kand opgemaach ginn. Doriwwer eraus soll all Kand aus der Gemeng eng Plaz an enger Maison relais kréien.
Weider Sujeten, déi bei dësem Walkampf déi Escher Awunner wäerte beschäftegen, sinn d'Mobilitéit an d'Sécherheet. Donieft, dass ee wëllt sécher Couloire fir d'aktiv Mobilitéit tëscht de Quartiere schafen an d'Wunnquartiere berouegen, huet een och e méi originelle Punkt um Programm. An de Quartiere sollen op bestoende Parkinge begréngte Parkhaiser fir d'Residenten entstoen. Esou géingen d'Parkplaze laanscht d'Strooss ewechfalen a kéinten am Sënn vun de Foussgänger a Vëlosfuerer amenagéiert ginn.
"Sécherheet a Sécherheetsgefill si Saachen, mat deenen een net däerf spillen", sou de Steve Faltz. D'Sécherheet misst duerch méi Presenz vun der Police, den Agents municipaux an de Streetworker garantéiert ginn. Fir d'Sécherheetsgefill solle besser amenagéiert a beliichten ëffentleche Plaze suergen. Et wier Zäit, fir e liewegt, schaffend Esch. Hei sollen d'Méiglechkeeten, déi eng Uni-Stad Esch bitt, voll ausgenotzt ginn.
D'Bierger solle méi Matsproocherecht kréien an hir Kompetenze abrénge kënnen. Et wéilt een zesumme kucken, wéi eng Produiten a Servicer eng Escher Geschäftswelt misst hunn an dann e City-Manager chargéieren, fir dëst ëmzesetzen.
D'Zil vun der LSAP ass, an dResponsabilitéit zréckzekommen. An et da besser ze maachen, wéi den aktuelle Schäfferot. Géint dëse gouf dann och net mat Kritik gespuert. Mam Budget 2023 hätt ee just vill Annoncë gemaach. An et wieren ze vill Suen an Infrastrukturprojete gefloss, wat Prachtbaute wieren, amplaz, dass op d'Funktionalitéit gekuckt gi wier, sou d'Kritik vum Escher Spëtzekandidat.