Wien huet wéi vill Congé politique zegutt?

© RTL Grafik
Dat ka variéiere vun 9 Stonne pro Woch fir e Buergermeeschter vun enger klenger Gemeng, bis zu 40 Stonnen an der Haaptstad.
All d'Gemengepolitiker hunn sougenannte Congé politique zegutt. Dat heescht, datt si e puer Stonnen d'Woch vun hirer eigentlecher Aarbecht fräigestallt ginn, esou datt si och Zäit hunn, sech ëm hir Gemeng ze këmmeren. D'Dauer vun dësem politesche Congé ass vu Gemeng zu Gemeng ënnerschiddlech.
Wéi vill politesche Congé d'Buergermeeschteren, d'Schäffen an d'Conseilleren zegutt hunn, riicht sech no der Gréisst vun der Gemeng.
An deene klengste Gemenge mat grad emol 7 Conseilleren hunn d'Buergermeeschteren 9 Stonnen d'Woch zegutt. D'Stonnenzuel geet da schrëttweis erop. A mëttelgrousse Gemenge mat 13 Conseillere kréien d'Buergermeeschtere 28 Stonnen d'Woch accordéiert. A grousse Gemenge mat 19 Memberen am Gemengerot kréien d'Buergermeeschtere ganzer 40 Stonnen an der Woch fir hiert politescht Mandat auszeüben.
Och bei de Schäffen ass de politesche Congé gestaffelt. 5 Stonnen d'Woch fir kleng Gemengen, 14 Stonne fir mëttelgrouss Gemengen an 20 Stonne fir déi grouss Gemengen am Land.
Natierlech profitéieren och d'Conseillere vum Congé politique. Hei ginn et just 2 Regimmer: am Majorzsystem sinn 3 Stonnen an am Proporzsystem si 5 Stonnen d'Woch virgesinn.
Am Inneministère ginn et ewell Iwwerleeungen, fir d'Gesetz vum politesche Congé ze reforméieren. Et wéilt een de Politiker méi Zäit accordéieren, fir fir d'Gemeng ze schaffen, seet d'Inneministesch Taina Bofferding.
*An enger éischter Versioun, déi den 22.05.2023 online gaange war, war eis bei de Stonnen en Feeler ënnerlaf. Mir haten eis op Zuele baséiert, déi net méi aktuell sinn.