De Co-Parteipresident vun der CSV Claude Wiseler war am Kader vun de Gemengewalen 2023 Invité am "5 Froen un".

D’Gemengen- an d’Chamberwalen dierft een dem Claude Wiseler no elo net vermëschen, et wier net dat d’nämmlecht: "An de Gemengewale maache mer am Fong 50, 60, 70 eenzel Walkämpf, mat eenzele Sujeten, mat verschiddenen Dynamiken, mat verschiddenen Themen an et kann ee keng Conclusioune vun der enger op déi aner zeien."

Zesummen als Ekipp an d'Walen

D’CSV géif nach ëmmer de Charakter vun enger Vollekspartei weisen, esou de Co-Parteipresident, et géif ee versichen, fir jiddereen deen hei wunnt, Léisungen ze fannen. De Luc Frieden gesäit de Claude Wiseler als beschte Kandidat fir d’CSV an d’Chamberwalen ze féieren, et géif een elo zesummen als Ekipp an déi Wale goen.

“Méi no méi beweegen”

Méi no méi beweegen, dat de Slogan vun der CSV fir d’Gemengewalen, zu anere Parteie géif een sech wuel dacks thematesch net ënnerscheeden, ma et géif een aner Äntwerten op déi Theme ginn, esou de Politiker am “5 Froen un”.

Weider Walemissiounen op RTL

E Méindeg ass de Claude Wiseler vun der CSV Invité an der Emissioun "5 Froen un".