"D’Geschäfter maache lues a lues all zou"

Am Virfeld vun de Gemengewalen den 11. Juni hu mir d’Leit aus deene véier Regiounen zu Wuert komme gelooss.
Mat eiser eegener Walkabinn ware mir an de Gemenge Lëtzebuerg, Esch-Uelzecht, Dikrech a Réimech ënnerwee.
No der Gemeng Lëtzebuerg si mir an der Gemeng Esch-Uelzecht ënnerwee a bauen eis Walkabinn an der längster Foussgängerzone vum Land op. Hei wëlle mir vun den Awunner wëssen, wat hinnen an hirer Gemeng gefält, oder och net gefält a wat si sech vum zukünftege Gemengerot wënschen. Ob d’Minetter wierklech esou direkt sinn, wéi ëmmer behaapt gëtt a “vun der Long op d’Zong” hir Meenung soen, gesitt Dir am Video.
Am éischten Episod féiert et eis an den Zentrum an d’Gemeng Lëtzebuerg. Ganzer 132.778 Awunner ginn et hei, dat ass ronn ee Fënneftel vun der Populatioun am Grand-Duché. Do misste genuch Leit ënnerwee sinn, déi eis eppes iwwert hir Gemeng kënnen erzielen.