Den Ali Kaes war ronn 30 Joer laang Buergermeeschter. D'Pascale Hansen der 6.

Den Ali Kaes war ronn 30 Joer laang Buergermeeschter. 12 Joer vun der Gemeng Baastenduerf an zanter Januar 2006 vun der Fusiounsgemeng Tandel. Dem fréiere Gewerkschaftler leie virun allem déi sozial Aspekter um Häerz. Ob elo Leit mat psychesche Probleemer, Mënschen ouni Aarbecht oder Flüchtlingen.  An all deene Joren hätt de Job als Buergermeeschter Spaass gemaach. Och wann et emol hëtzeg Diskussioune gouf. Dat géif zum Geschäft derzou gehéieren. Dem Vollbluttpolitiker ass allerdéngs och an all där Zäit opgefall, datt d'Wënsch an d'Uspréch vun de Leit staark changéiert hätten. Un der Spëtzt vun enger Gemeng um Land ze stoe wär mat vill Aarbecht verbonnen. Hei misst ee sech em villes selwer këmmeren, wärend a grousse Stied de Buergermeeschter do dacks kéint Aufgaben un aner Servicer ofginn.

Och wann elo d'Kommunalpolitik fir den Ali Kaes op en Enn geet, stéing hie senger Partei, der CSV, zur Verfügung wann hie géif gefrot ginn fir am Hierscht mat an d'Chamberwalen ze goen.

Mat 68 Joer wëll den Tandeler Buergermeeschter e bëssi méi lues trëppelen. Langweileg géif et him awer sécher net ginn, esou den Ali Kaes.

Fir d'Pascale Hansen geet no dëser Legislaturperiod och eng Ära op en Enn. No 6 Joer un der Spëtzt vun der Gemeng Bettenduerf a 6 Joer am Schäfferot ass fir d'Affekotin Schluss. D'Mamm vun 2 Bouwen huet dës Decisioun aus perséinleche Grënn geholl. Si wëll awer net ausschléissen, spéider nach eemol bei Walen unzetrieden.

D'Ausschaffe vum PAG hätt vill Zäit kascht. D'Gemeng vu ronn 3.000 Awunner kéint nach em dat Duebelt wuessen. E Camping an d'Naturreservat "Schoofsbösch" huet Bettenduerf ze bidden. Vill Touriste géifen och Joer fir Joer de Wee an d'Gemeng fannen.

Fir d'Pascale Hansen ass d'Proximitéit un de Bierger wichteg. Si hätt ëmmer de Kontakt zur Populatioun gesicht. Wat d'Fro vun der Fusioun zur Nordstad ugeet, ass d'Politikerin méi virsiichteg. Dëst dierft net iwwer de Knéi gebrach ginn. En Zesummeleeë vu 5 Gemenge wär keng einfach Saach. Hei misst een d'Leit aus den Uertschafte mathuelen a sinn net virun e "Fait accompli" setzen.