3 Persoune goufe verwonnt, wéi e Bus an en Auto op der N6 kollidéiert sinn

Net manner wéi 8 Blesséierter mellt de CGDIS am Bulletin, nodeems et zu 6 Accidenter um Donneschdeg de Mëtteg komm ass.
Kuerz viru 15 Auer sinn zu Esch an der Lécker Strooss zwee Autoen anenee gerannt. 1 Persoun gouf verwonnt.
Géint 15.17 Auer dunn huet et op der N6 tëscht Mamer a Capellen gerabbelt. Hei waren e Bus an en Auto dra verwéckelt. Ënnert aneren huet och de SAMU mussen an den Asaz. Am ganze goufen 3 Persoune verwonnt, wéi schwéier, ass net gewosst.
Nëmme puer Minutte méi spéit ass tëscht Beyren a Fluessweiler e Motocyclist gefall a gouf verwonnt.
Eng weider Chute vun engem Motocyclist gouf et kuerz no 16 Auer zu Diddeleng an der Keeler Strooss. Och hei mellt de CGDIS ee Blesséierten.
Da gouf et nach zwou Kollisiounen tëscht zwee Autoen. Eng éischte Kéier géint 16.15 Auer zu Nidderkuer an der Rue Pierre Gansen a puer Minutte méi spéit op der N10 tëscht Reisduerf an Héischdref. A béide Fäll gouf all Kéiers eng Persoun verwonnt.