Inneministère confirméiertDen Alain Becker ass net méi Chef vun der Direktioun vun der Securité civile

RTL Lëtzebuerg
Op Nofro confirméiert de Ministère awer, datt den Alain Becker nach President vum CGDIS bleift bis zum Enn vu sengem Mandat.
De Chef vun der Direktioun vun der Sécurité Civile am Inneministère, den Alain Becker, de 17. August 2026.
De Chef vun der Direktioun vun der Sécurité Civile am Inneministère, den Alain Becker, de 17. August 2026.
© RTL

Den Alain Becker gouf mat Effet immediat revoquéiert. Weider Detailer zu där Personaldecisioun wéilt een net kommunikéieren, sou den Inneministère.

De Ministère confirméiert awer op Nofro hin, datt den Alain Becker bis zum Schluss vu sengem Mandat President vum CGDIS bleift.

Iwwert de Summer stoung d'Generaldirektioun an der Kritik wéinst der Kommunikatioun a Saachen Damp vun de Bëschbränn am belsche Naturpark vum Héije Venn déi iwwert Lëtzebuerg gezu waren.

Back to Top
CIM LOGO