Gazprombank LëtzebuergFinanzministère gëtt Informatiounen un de Parquet

Michèle Sinner
Den CSSF-Direkter Claude Marx geheit Financial Times falsch Informatioune vir.
Huet Gazprombank Lëtzebuerg Wirtschaftssanktiounen ëmgaangen?
© RTL Archivbild

Huet Gazprombank Lëtzebuerg Wirtschaftssanktiounen ëmgaangen? vum Michèle Sinner

De Finanzministère huet d'Informatiounen, déi en hat, un de Parquet viruginn. Dat sot de Finanzminister Gilles Roth e Méindeg no der Finanzkommissioun vun der Chamber. Do gouf driwwer diskutéiert, ob véier Direktiounsmembere vun der Gazprombank zu Lëtzebuerg méiglecherweis d'Wirtschaftssanktioune géint Russland ëmgaangen an Insiderhandel bedriwwen hunn. Dat hat d'Zeitung Financial Times Enn August geschriwwen an dem Lëtzebuerger Regulateur der CSSF virgehäit, net duerchzegräifen.

"Ech kann Iech awer hei soen, dass no dem Artikel, deen an der Financial Times publizéiert gouf, ech meng Servicer ugewisen hunn, fir déi Elementer, déi mir an dem Finanzministère haten, dass notamment den Artikel an déi Presseufro, fir dat un de Parquet weider ze ginn, wat och geschitt ass", esou de Gilles Roth.

Den Direkter vun der CSSF Claude Marx wollt d'Virwërf vun der Zeitung awer net op sech sëtze loossen: "Also éischtens emol, hunn ech gesot, dass alles, wat an deem Artikel steet, net onbedéngt richteg ass. Zweetens ass et esou, datt ech an der Chamber net däerf Detailer ginn iwwert d'Dossiere vun der CSSF." Hien huet Géigevirwërf géint d'Londoner Zeitung gemaach: "D'FT, déi moolt säit ville Joren e Bild vu Lëtzebuerg, wat net ganz glorräich ass."

Der Zeitung no hätten déi véier Banquiere mat Kreditter vun der eegener Bank um europäesche Marché bëlleg Obligatioune vu Gazprom kaaft. Dat nodeems dës wéinst de Wirtschaftssanktioune Uganks 2022 géint Russland u Wäert verluer haten. Mee net iergendeng Obligatiounen, ma ganz geziilt déi, déi herno a Russland fir den nominale Wäert ëmgetosch goufen. Si hätten déi Pabeiere kaaft, jeeweils ier deen Ëmtosch ugekënnegt gouf. D'CSSF hätt zwar no engem Tuyau 2023 eng Inspektioun gemaach. Ma verschidde Leit, déi Kenntnis vum Dossier haten, net gehéiert. Wat elo dovun net wouer wier, huet de Claude Marx op Nofro net konnte soen, well: "Da géif ech soen, wat mir kontrolléiert hunn, wat mer gemaach hunn an dat kann ech net soen, ech kann iech just insgesamt soen, dass mer deen Artikel suergfälteg gelies hunn an, dass net all Fakten, déi do relatéiert ginn, dass déi richteg sinn."

D'CSSF kéint sech just äusseren, wann dat spezifesch am Gesetz virgesi wär, huet den CSSF-Direkter erkläert. Ma zanter dem russeschen Ugrëffskrich op d'Ukrain, géifen déi russesch Institutioune wéi aner Héichrisiko-Acteure genee kontrolléiert.

Fir de Sven Clement vun de Pirate verstoppt, sech de Claude Marx awer hannert der Ausso, d'Financial Times géing Luxembourg-Bashing maachen. "Ech erënneren dru bei änleche Finanzskandalen an der Vergaangenheet. Luxleaks, d'CSSF, mee och an Däitschland bei Wirecard, d'Bafin, et ass ëmmer de Regulateur, dee sech dohistellt, wéi wann d'Financial Times géif falsch Nouvelle verbreeden, fir herno dann awer de Contraire mussen anzegestoen. Ech sinn op alle Fall net confrontéiert, wann den Här Marx seet, hie kéint roueg schlofen, well et wär net alles wouer!"

Och den David Wagner vun déi Lénk huet schlecht Souveniren: "Wann den Direkter vun der CSSF, d'Financial Times géif mat Fake News operéieren, well se an enger grousser Verschwörung si géint Lëtzebuerg, dat kenne mer zënter LuxLeaks, an dann, wann ee wëll wëssen, wat dann déi Fake News sinn, da kritt e gesot, et kann, dat kann net gesot ginn."

De Franz Fayot vun der LSAP gouf och net vill Neits vum CSSF-Direkter gewuer. Ausser, datt "fir si déi Informatioune schonn ëffentlech waren, wou jo elo den Insider-Dealing jo am Raum stoung, wou se soen, dat sinn Informatiounen iwwert déi Obligatiounen, déi echangéiert goufen, déi schonn am Juli an am August op Foren zirkuléiert sinn. Dat heescht, Investisseuren haten Accès dozou, ech mengen e bësse mat der Suggestioun, dass dat och fir si da geheescht huet, dass do keen Abus, Abus de marché, keen Délit d'initié virloung."

Déi Gréng Deputéiert Sam Tanson huet gemengt, et misst d'Méiglechkeete vun der CSSF, ze kommunikéieren, vläicht emol op de Leescht huelen: "Well et ass jo och wichteg, wann ee seet, et ass faktuell falsch, wann ee seet, mir ginn zu Onrecht schlecht duergestallt, dass ee sech ka seriö verteidegen an, dass ee ka soen, ma dach, mir hunn dat an dat gemaach. Hei ass d'Ursaach, firwat elo vläicht keng finanziell Sanktioun geschwat ginn ass, wéi bei anere Fäll, mir wësse jo, dass d'CSSF ganz streng ka sinn, ka ganz zolidd Sanktioune schwätzen, dofir kann een sech jo da virstellen, dass, wann se dat net maachen, dass et dann eng Explikatioun dofir gëtt. An ech sinn eigentlech der Meenung, dass et och fir d'Finanzplaz Lëtzebuerg wichteg wär, dass een sech do kéint uerdentlech verteidegen."

De Moment gëtt d'Gesetzgebung vun der CSSF an der Finanzkommissioun souwisou iwwerschafft. Ma d'Presidentin vun der Kommissioun Diane Adehm war kategoresch: "Wann d'Madamm Tanson dat maache wëll, da ka si eng Proposition de loi zu deem Sujet erreechen. Dat steet jo all Deputéierte fräi, fir eng Proposition de loi eranzereechen. A si kann dat och ganz gäre maachen." Zu Lëtzebuerg géif et Bankgeheimnis an dat wier bis ewell net ofgeschaaft, esou d'Diane Adehm.

Back to Top
CIM LOGO