Éilereng
3 Jugendlecher no Iwwerfall mat Gewalt gepëtzt

© Laurent Weber / RTL
Zu Éilereng an der Rue d'Esch krut e Freideg den Owend kuerz no 21 Auer e jonke Mann vun 3 Jugendlech mat Gewalt den Handy geklaut.
D'Affer huet uginn, datt déi 3 Jugendlech, déi de Mann geschloen hunn, schwaarz Boxen a Kaputzen unhaten an a Richtung Rond-point fortgelaf sinn. Een Zeien, deen op de Virfall opmierksam gouf, huet dem jonke Mann gehollef.
Bei der Sich vun der éischter Patrull konnt ee vun den Täter zesumme mam Handy gepëtzt ginn. Kuerz drop goufen och déi zwee aner Flüchteg erwëscht a mat op de Policebüro geholl.
De Parquet gouf informéiert an huet ordonéiert, den Handy zréckzeginn a weider administrativ Schrëtt anzeleeden.
Am meeschte gelies