3 Asäz vum Samu e Samschdegmëtteg

E Samschdeg de Mëtteg goufe bei 5 Accidenter op eise Stroossen am Ganze 7 Persoune blesséiert.
3 Mol huet de Samu missten an den Asaz geruff ginn.
Dat war géint 12.00 Auer op der RN10 tëscht dem Kounenhaff an Uewereesbech de Fall. Hei hate sech 2 Motocyclisten ze pake kritt.
E weideren Asaz vum Samu gouf et da géint 12.50 Auer um CR353A tëscht Nuechtmanescht an dem Groesteen e Moto an e Vëlo matenee kollidéiert waren. De Vëlos- an de Motosfuerer goufe beim Accident blesséiert.
Kuerz virun 13 Auer war den Noutdokter dann op der RN7 tëscht Colmer-Bierg an dem Rouscht op der Plaz. Hei gouf eng Persoun blesséiert, wéi en Auto e Moto ze pake krut.
Dat nämmlecht war schonn um 11.30 Auer zu Roumecht de Fall. Och hei gouf eng Persoun blesséiert.
Kuerz virun 12 Auer war dann e Cyclist zu Gréiwemaacher ugestouss ginn.