OGBL an LCGB annoncéiere gewerkschaftlech Aktiounen am Bausecteur
D'Patronat hätt alles gemaach, fir sech ze verstoppen a vu senger Säit wier näischt komm.
Dat hunn den OGBL an de LCGB e Mëttwoch de Moien op enger gemeinsamer Pressekonferenz iwwert d'Verhandlungen am Bausecteur betount a gewerkschaftlech Aktiounen annoncéiert.
D’Verhandlunge fir en neie Kollektivvertrag fir 20.000 Salariéeën hätten op en neits geschleeft an d’Patronat hätt d’Urgence vun der Situatioun einfach net verstanen, huet de Jean-Luc de Matteis vum OGBL ënnerstrach. D'Employeure vum Bau hätten déi elle Gewunnecht, sech virun Negociatiounen ze verstoppen.
"Et kann een net verhandelen als Sozialpartner wann déi eng Säit sech permanent verstoppt a refuséiert ze verhandelen an een all Kéiers gesot kritt: Mir konnten nach net rechne wat der gefrot hutt, mir hunn nach net mat eise Leit geschwat a.s.w.. Dat ass inacceptabel."
D'Leit aus dem Bausecteur kéinten dëst net weider acceptéieren: "Se kënnen net acceptéieren, datt hir Salairë stagnéieren, datt hir Congéë stagnéieren, d'Primmen net erop ginn a mer näischt un der Formatioun maachen."
Och fir de Robert Fornieri vum LCGB ass kloer, datt eng Léisung muss fonnt ginn.
"An dat sou séier wéi méiglech, am Interêt vu jidderengem, fir e Sozialkonflikt ze evitéieren!"
No iwwer 20 Méint Verhandlunge wier keng eenzeg seriö Propositioun vum Patronat komm, bedauert de Jean-Luc de Matteis vum OGBL.
"Et ass eng riseg Sauerei, wa mer gesinn, datt Baubetriber an de leschten 10 Joer immens Beneficer gemaach hunn a se sech viru seriöe Verhandlungen drécken, net just fir d'Salairen, mee och fir d'Attraktivitéit, well dat wäert de gréisste Problem an den nächste Joer ginn!"
Gewerkschaftlech Aktioune géifen an den nächste Wochen a Méint starten.
De President vun der Federatioun vun de Lëtzebuerger Baufirmen Roland Kuhn huet iwwerdeems RTL géintiwwer erkläert, datt een de Gewerkschaften proposéiert hätt, wéinst der ekonomescher Onsécherheet den aktuelle Kollektivvertrag ze halen a sech an engem Joer nach emol erëm ze gesinn. Duerch d'Nowierke vun der Pandemie an och de Krich an der Ukrain, wéist een de Moment einfach net, wou de Marché histeiere géif, sou de Roland Kuhn.