Wat brauch ech am Walbüro? Wat ass den Ënnerscheet tëscht Majorz- a Proporzsystem a wéi gesäit et mat der Bréifwal aus? Hei e puer Erklärungen.

Et sinn nëmmen nach e puer Deeg bis d’Gemengewalen. D’Convocatioun, also de Bréif op deem steet, a wéi ee Walbüro een de Sonnde goe soll, misst jiddereen, deen ageschriwwen ass, schonn an der Bréifboîte gehat hunn oder dës Deeg kréien. Ma wat gëllt et - nieft dem Walbüro - nach ze wësse fir de Sonndeg?

D'Bréifwal

D'Enveloppë mam Stëmmziedel mussen den Dag vun de Walen, also e Sonnden, spéitstens um 14 Auer nomëttes am Walbüro, deen zoustänneg ass, ukomm sinn. Fir sécher ze goen also am beschte spéitstens Mëttwoch de Moien de Bréif fortschécken.

De Walziedel muss mam Stempel no baussen an d’Walenveloppe an déi kënnt dann an d’Enveloppe fir zeréckzeschécken. Dat steet awer alles och um Convocatiounsbréif, dee bei den Ënnerlagen dobäi ass.

Proporzsystem

Wéi vill Kräizer ee maximal maachen dierf, steet um Walziedel. Manner Kräizer, wéi Posten ze vergi sinn, ass awer duerchaus valabel. Allgemeng huet een am Proporzsystem - also fir déi grouss Gemengen, fir déi sech Parteien opstellen - d’Méiglechkeet, uewen de Krees ze schwäerzen oder unzekräizen. Domadder gëtt een all Persoun op där Lëscht eng Stëmm. Soss kann een och hannert dem Numm vun der Persoun een oder zwee Kräizer maachen. Dobäi awer oppassen, dass een net méi Stëmme gëtt, wéi Plazen ze vergi sinn.

Majorzsystem

Et ginn 46 Gemengen, déi am Majorzsystem wielen. A 6 vun deene Majorzgemenge gëtt awer guer net gewielt, well et esou vill Kandidaten wéi Poste gëtt. Iwwregens huet dee klengste Gemengerot 7 Member. Dat gëllt fir Gemenge vu manner wéi 999 Awunner.

An de Majorz-Gemenge ginn et keng Lëschten, mä et ginn eenzel Leit gewielt. An et kann een och just eng Stëmm pro Kandidat oder Kandidatin verginn.

Am Walbüro

Mathuele muss een an de Walbüro just d’Carte d’identité, oder de Pass, a fir Net-Lëtzebuerger kënnt den Titre de séjour oder d’Carte de séjour nach dobäi. Wann ee sech iwwregens als Net-Lëtzebuerger ugemellt huet, fir wielen ze goen, da muss een e Sonndeg och an de Walbüro goen.

An der Walkabinn kann een da mam Bic, Bläistëft oder der Füllfieder, déi do leien oder mat sengem eegene Schreifgeschier, dat ee matbruecht huet, seng Kräizer maachen.* Als Info nach: D’Walbüroe si vun 8 bis 14 Auer mëttes op. Da muss ee spéitstens am Walbüro sinn. Wann een awer zum Beispill waarde muss, bis een drukënnt, dann kann een och no 14 Auer säi d’Kräiz maachen. Wichteg ass wéi gesot, dass ee virun 14 Auer am Walbüro ukënnt.

Net obligatoresch, mä Hëllefräich fir d'Leit, déi an de Walbüroe schaffen, ass, wann ee seng Convocatioun, déi een heemgeschéckt krut, och mat an de Büro bréngt. Dat mécht d'Aarbecht fir d'Leit aus dem Walbüro méi liicht an och de Wieler fënnt sech da besser zu Recht.

*Ursprénglech huet RTL gemellt, datt ee just de Bic benotzen dierf, deen an der Walkabinn läit. Dëst war esou net richteg a gouf corrigéiert.

Resultater

Bei de leschte Gemengewalen 2017 waren d’Gemenge Wanseler, Feelen a Bech déi éischt, déi ausgezielt waren. Dat souguer scho virun 14 Auer. Déi lescht Gemeng war um 0.30 Auer an der Nuecht eréischt fäerdeg ausgezielt, dat war Péiteng. An zu Keel huet nach emol misse gezielt ginn, dowéinst koumen d’Resultater réischt den Dag drop mëttes.

Iwwregens: No de Wale mussen all d’Gemengeréit hir Funktioune bis spéitstens den 1. September iwwerholl hunn.