En Dënschdeg den Owend ass et zu Réimech géint 23 Auer zu engem Sträit tëscht zwee Männer komm, dee fir ee vun deenen zwee bal schif ausgaange wier.

An engem Café op der Place du Marché hat de Sträit verbal ugefaangen, deen duerno awer op d'Strooss verlagert gouf. D'Affer gouf fir d'éischt an enger Gaass kierperlech ugegraff, ier säi Kontrahent du mat enger Waff op hie geschoss huet. D'Schëss hunn d'Affer awer verfeelt. Nieft dem Affer hu sech och d'Clienten, déi deen Ament dobaussen op der Terrass souzen, direkt am Café a Sécherheet bruecht. Blesséiert gouf heibäi keen.

D'Police huet sech op d'Sich nom Verdächtege gemaach, dee kuerz duerno an der Rue de Maacher gestallt konnt ginn. Den alkoholiséierte Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a gouf e Mëttwoch dem Untersuchungsriichter virgefouert.