Lëtzebuerg verléiert u Kompetitivitéit

© Laurent Weber / RTL
Lëtzebuerg läit am aktuelle Ranking op Plaz 20 vu 64 Länner. Dat ass e Minus vu siwe Plaze géintiwwer 2022.
Lëtzebuerg verléiert u Kompetitivitéit, op d'mannst dem renomméierte Schwäizer IMD-Ranking no.
Dem "Institute for Management Development" no klasséiert sech Lëtzebuerg op der 20. Plaz ënnert 64 analyséierte Länner a fält domat par Rapport zu zejoert ëm siwe Plazen zeréck.

© Chambre de Commerce
Als bescht Wirtschaft klasséiert sech déi dänesch Ekonomie, virun Irland, der Schwäiz, Singapur an Holland.
D'Chambre de Commerce, déi de Lëtzebuerger Volet vun der Etüd koordinéiert huet, ass erféiert iwwert dës Perte u Kompetitivitéit. Absënns, well Lëtzebuerg domat méi schlecht klasséiert gëtt, wéi Länner, wou de Grand-Duché déi lescht 10 Joer ëmmer virdru rangéiert huet, wéi d'Belsch, Island, Australien oder och d'tschechesch Republik.

© Chambre de Commerce
Besonnesch am Secteur vun den "ekonomesche Performancë" verléiert Lëtzebuerg massiv, wat och dee méi schlechte Ranking erkläert. Weider heescht et, datt den automateschen Indexsystem op d'Kompetitivitéit vun eenzele Firmen dréckt, sou datt dohinner delokaliséiert gëtt, wou d'Main d'Oeuvre méi bëlleg ass.
Aner Schwaachpunkten, déi am IMD Yearbook ervirgehuewe ginn, ass de Manktem u Aarbechtskraaft, déi héich Logementskäschten an de Manktem un disponibelen digitale Kompetenzen.
Zanter Enn den 80ger Joren analyséiert den IMD d'Kompetitivitéit vu 60 Ekonomien, déi op ronn 260 Indicateure berout.