All Kéier de Permis fortPolice mellt 5 Tëschefäll, bei deenen Automobilisten däitlech ze vill gedronk haten

Kevin Kayser
Vun Autoen, déi op Felgen ënnerwee waren, iwwer Chaufferen, déi Zickzack fueren, war bal alles dobäi.
© Laurent Weber

An der Ettelbrécker Strooss zu Colmar-Bierg gouf en Donneschdeg am Nomëtteg en alkoholiséierte Chauffer gemellt. Dee konnt och vun der Police op enger Bensinnsstatioun lokaliséiert ginn.

Kuerz viru Mëtternuecht gouf en Auto gesinn, deen zu Bäerdref op engem Rad nach just op der Fälsch ënnerwee war. Bei den Ermëttlunge koum eraus, datt den alkoholiséierten Automobilist d'Ofspärunge vun engem Chantier beschiedegt hat. De Won huet wéinst engem Zoustand missten ofgeschleeft ginn.

Ëm déi selwecht Zäit war Ierseng e Chauffer am Zickzack ënnerwee. Hei war de Chauffer, wéi e bis ugehale gi war, net ganz kooperativ, huet awer engem Alkoholtest zougestëmmt, nodeem hien d'Rechtslag duergeluecht krut.

Géint 1:35 Auer gouf en Auto zu Ettelbréck ugehalen a bei der Kontroll ass de Polizisten en Alkoholgeroch festgestallt. Den Test huet déi éischt Impressioun vun de Beamte confirméiert.

Beamte war de géint 3:20 Auer en Auto zu Bouneweg opgefall, dee mat héijer Vitess iwwer de Pont Buchler gefuer ass an dobäi och nach aner Autoen iwwerholl huet. Op enger Tankstell gouf d'Gefier erëmfonnt an de Chauffer kontrolléiert.

Well an all de Fäll den Alkoholpeegel däitlech ze héich war, goufen d'Permisen agezunn an e Protokoll erstallt.

Back to Top
CIM LOGO