
En Donneschdeg den Owend huet d'Police an der Géigend vun enger Bank an der Avenue Monterey an der Stad e puer Persoune kontrolléiert. Eng vun hinnen huet direkt uginn, datt si Droge bei sech hat an huet de Polizisten eng Wo an Haschisch iwwerlooss. Béides gouf sécher gestallt an e Protokoll gouf geschriwwen.
Da mellt d'Police nach, datt een eng Persoun an der Rue Alphonse Wecker konnt stellen, déi an engem Buttek geklaut hat. De viséierte Mann soll Parfum aus dem Geschäft matgoe gelooss hunn. D'Sécherheetspersonal vum Geschäft hat hien dobäi erwëscht. Déi geklaute Wuer gouf dem Buttek zeréckginn. Och hei gouf e Protokoll erstallt.