
De Bezierkscomité Norden huet dem Comité directeur vun der Partei seng insgesamt néng Kandidate mat der Duebelspëtzt Etgen-Hansen en Dënschdeg den Owend virgeschloen.
Nach mat vertruede sinn den DP-Deputéierten André Bauler, de Wëlzer Schäffen Amel Cosic, d’Staatsbeamtin Anne Daems, d’Chargée de cours Angèle Mersch, esou wéi d’Buergermeeschteren Edy Mertens (Wilwerdang), Mike Poiré (Mäerzeg) an Eric Thill (Schieren). Den Altersduerchschnëtt läit domat bei 47 Joer.
Elo ass et um Comité Directeur, iwwer d’Virschléi ze decidéieren. All 60 Kandidate fir d’Chamberwalen den 8. Oktober ginn dëse Samschdeg presentéiert.
DP-Lescht am Süden ass nach net eraus. D’Christine Schweich wäert do awer net drop sinn, dat schreift Tageblatt. Déi fréier Buergermeeschtesch vu Monnerech war jo vun der LSAP bei d’DP gewiesselt.