António Costa op Visitt zu LëtzebuergLëtzebuerg spillt eng wichteg Roll fir privat Investissementer an der EU

Céline Eischen
Op sengem Tour duerch d'Haaptstied vun der Europäescher Unioun huet den EU-Rotspresident António Costa e Mëttwoch ee Stopp hei am Grand-Duché ageluecht. Am Staatsministère huet hie sech mam Premier Luc Frieden fir Gespréicher gesinn. Eng Rei Sujete stoungen um Ordre du Jour.
© SIP / Emmanuel Claude

Antonio Costa op Visitt zu Lëtzebuerg - Reportage Céline Eischen

Ëffentlech Sue ginn eleng net duer, fir déi Investitiounen an déi europäesch Wirtschaft ze maachen, déi et bräicht, dofir wier ee sech eens, datt d'Maart- a Kapital-Unioun weider misst entwéckelt ginn. Dat mat manner Bürokratie an engem méi wirtschaftsfrëndlechen Ëmfeld, esou de Premier Luc Frieden: "Si nous voulons investir dans l'innovation, si nous voulons une intelligence artificielle européenne, si nous voulons investir dans la défense, nous avons besoin de l'argent public, oui, mais l'argent public est forcément limité, nous avons aussi besoin de l'argent privé. Et c'est la raison pour laquelle nous souhaitons un accord sur la saving and investment union d'ici à la fin de l'année".

Lëtzebuerg géif hei mat senger Finanzplaz och eng wichteg Roll spillen, ënnersträicht den António Costa. Bis Enn des Joers huet ee sech virgeholl, een Accord op EU-Niveau um Dësch ze hunn.

Ee weidere méi därege Sujet war de Pluriannuelle Budget vun der EU: D'EU-Länner si jo hei gespléckt tëscht deenen, déi méi wëlle spueren, an deenen, déi méi Suen am Budget wëlle virgesinn. Keng einfach Aufgab fir de Rotspresident Costa, huet och de Luc Frieden op der Pressekonferenz ze verstoe ginn. Den António Costa huet sech awer dat ambitiéist Zil ginn, bis Enn des Joers ee Kompromëss op EU-Niveau ze fannen: "Cela signifie garantir un financement solide pour nos nouvelles priorités — la défense, la sécurité, la compétitivité, la recherche, l’innovation et la résilience stratégique — tout en préservant, naturellement, les piliers essentiels de soutien à nos régions : la cohésion et la politique agricole".

Lëtzebuerg steet iwwerdeems an dësem Sujet an der Mëtt, wéi de Luc Frieden erkläert huet. Et bräicht Investitiounen, mä net mat neie Scholden oder Steieren.

Och déi geopolitesch Aktualitéit stoung um Ordre du Jour: D'Ukrain z'ënnerstëtzen, wier een Investissement an déi europäesch Sécherheet, esou nach déi zwee Politiker. De Virfall um Fluchhafen zu Leipzig huet den António Costa schaarf verurteelt: "La Russie doit bien comprendre, que ce ne sont pas ces menaces, ces attaques hybrides ou pas hybrides qui vont faire changer la position de l'Union Européenne. Car la position de l'Union Européenne est ancrée dans les valeurs fondamentales du droit international. 

Vill Länner fuerderen nom Virfall zu Leipzig eng méi streng Haltung vis-à-vis vu Russland. Wéi genee déi wäert ausgesinn, kéint een awer elo nach net soen.

Back to Top
CIM LOGO